
Ech weess net méi genee, wéini – iergendwann am Summer 2010 – do hat de Joshi Gottlieb déi liicht verréckt Iddi, e puer lëtzebuergesch Auteuren zesummenzebrénge fir eng CD opzehuelen. D’Claudine Muno an de Jacques Schiltz, déi bis haut d’Lëtzebuerger Kulturzeen mat prägen, ware mat dobäi, souwéi de Joël Adami, d’Laetitia Kaiser, d’Sarah Pepin, d’Vanessa Wujanz, an ech. Ech hunn haut nach e puer Exemplaren am Tirang leien, a scho laang kee Plackespiller méi, mat deem ech se kéint lauschteren.
Et war wierklech een enorm coole Projet. Opgeholl hu mer eis Texter beim Joshi doheem, an de Cover gouf vum Robi Gottlieb-Cahen bäigesteiert. D’CD selwer huet wéi eng al Plack ausgesinn, wat mer bis haut immens gefällt.

Op der Lay war begeeschtert, an huet eis dat ganzt verëffentleche gelooss. Am März 2011 koum se eraus. Lo ware mir op eemol net méi jonk Leit, déi virun allem gebloggt hunn, an e puer mol Liesungen organiséiert haten, mä Mënschen, déi bei engem richtege Verlag vertruede waren.
Mëttlerweil si mer alleguerten duerch d’Weltgeschicht verspreet, a mat e puer hunn ech leider iergendwann de Kontakt verluer. Sou ass d’Liewen eben. Weider geschriwwen hu mer awer zu villen.
De Joël huet och säin éischte Roman bei Op der Lay erausginn. Fassad a Substanz krut vu mir fënnef Stären, an déi hunn ech ëm net gi wéinst dem witzegen Text, deen de Joël mer a meng Kopie nieft säin Autogramm gekritzelt huet.
Wéi ech am Abrëll ugefaangen hunn, selwer ee Roman op lëtzebuergesch ze schreiwen, hat ech éierlech gesot och Op der Lay e bëssen am Kapp als ee Verlag, dee vläicht enges Daags dorunner interesséiert wier. Natierlech war dat e bëssen Daagdreemerei.
Mä elo gëtt et Op der Lay no 33 Joer vum Hierscht un net méi. „Een neit Kapitel“ nennt de Verlag dat. Vläicht ass dat neit Kapitel hier Pensioun, mä fir mech fillt sech dat just nom Enn vun engem Kapitel un, ouni dass nach eppes no kënnt.
Dat ass enorm schued. Perséinlech, natierlech, well dee Verlag mer wéinst Write Out Loud bis haut vill bedeit – och wann een d’CD scho laang net méi ze kafe kritt. Fir d’Lëtzebuerger Kulturlandschaft, well Op der Lay ee wierklech groussaartege Katalog opgebaut huet, deen och oft Präisser krut (d’Claudine Muno, zum Beispill, fir Dëst ass net däi Liewen 2023).
Natierlech huet mir net ëmmer alles gefall, dat ass jo normal. Mä Op der Lay ass mir ëmmer virkomm wéi ee Verlag, deen et wot, Saachen ze publizéieren, déi anerer vläicht net verëffentlecht hätten – och, awer net just, wéinst Write Out Loud.
Wann ech d’Suen hätt, géing ech mer nach séier alles vun hinne kafen, dat ech nach net hunn. Alles wat mer amplaz bleift, ass de Verlag hei nach eng Kéier ze würdege fir all déi wonnerbar Aarbecht iwwer dräi Joerzéngten.
Op der Lay, du wäerts mer feelen. Merci fir alles.
Leave a Reply