Sonnendäischtert

Mir waren um Caerphilly Mountain, wou mer géint 19:06 knapps iwwert 92% Däischtert haten.

Meng DSLR Kamera hat ech net mat, well ech kee Filter hat, mä e Kolleeg hat dunn awer Filtere fir jiddereen dobäi, an ech konnt der e puer mam Handy knipsen ouni mer dee futti ze maachen.

Mir hunn Hamburger a Glace giess, an eis drun erënnert, wéi et bei der totaler Sonnendäischtert viru bal exakt 27 Joer op ee Coup kal gouf. Dat war dës Kéier net de Fall, mä mir sinn och mëttlerweil hei an der 5. Hëtztwell, an d’Loft selwer ass einfach onheemlech waarm, och am Schied.

Et war schéin. Och wann ech mat zwee Brëller wéi en Dëlpes ausgesinn.

Kommentaren

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

ThierryHeles.com