Iwwert mech

Ech sinn den Thierry, an dat hei ass meng Spillplaz.

Dëse Blog schreiwen ech aus Spaass. Et gëtt hei vill Lyrik, e puer Kuerzgeschichten, Gedanken iwwert mäi Liewen, an och ëfters Linken zu interessanten Artikelen, Musek, an anerem Geschier, dat mer um Internet iwwert de Wee leeft.

Et ginn hei keng Reklammen oder gesponsert Artikelen. Dorunner hunn ech guer keen Interessi. Wann s de gären hei mat lies, géing et mech freeën, wann s de ee Link mat denge Kolleegen deels.

Dee Blog hei gëtt et schonn zanter 2005. Ech sinn nämlech vill méi al, wéi ech mech fillen. Dat heescht och, dass vill Texter net onbedéngt méi deem entspriechen, wéi ech haut iwwert d’Welt denken — liest al Saachen also mat Virsiicht.

Wann s de mech net kenns, ereechs de mech am Beschten iwwert d’Kontaktform.

Um Spaweck

Ech kucke gäre Filmer. Wann et dir och sou geet, fënns de mech op Letterboxd.

Wat ech liesen fënns de a menger Bibliotéik, awer och op Storygraph.

Vu soziale Medien benotzen ech just Mastodon (awer och net vill). Du fënns mech hei.

Kolophon

Dëse Blog schreiwen ech normalerweis zu Cardiff, der Haaptstad vu Cymru.

De Logo gouf vu menger Fra entworf.

D’Websäit läit an engem Datenzenter vun All-Inkl deen 100% erneierbar Energie benotzt (aus Waasserkraaftwierker déi vum TÜV Süd zertifizéiert sinn). Ech sinn säit iwwer 10 Joer zefridde mat hierem Service a kann se wierkech weideremfeelen.

ThierryHeles.com