Méi oder manner

Dat Coolst direkt fir ewech: ech war beim Joël (leider ouni d’Danièle) am Ëmgefall an Ausgelaf Podcast. Mir hunn iwwert d’Podcasten selwer geschwat, wou ech dee Moien selwer festgestallt hat dass d’lëtzebuergesch Wikipedia mech ee Pionéier nennt (well ech deen éischte Podcast op Lëtzebuergesch hat, Bouneschlupp). Hei ass de Link fir sou zimmlech all Plattform, déi et gëtt.

Ech denken nach ëmmer iwwert mäi leschten Text no an, okee, de Gloda huet Recht an de Blog ass tatsächlech méi Markéierungen op mengem Wee, wéi eng Wallis déi ech endlos mat mer ronderëm schleefen. Eng flott Erënnerung, déi eng Markéierung verdéngt: deen afrikanesche Restaurant an deem ech viru Kuerzem mam Gloda iesse war.

Vum Anh, dat wierklech ee mega schéine Blog huet, hunn ech viru kuerzem ee Kommentar gelies, deen dat och schéin zesumme faasst, an dee mech och gefreet huet, well ech wuel awer net den Eenzegen si mat esou Gedanken: „I keep forgetting that future me is also part of my target audience for my posts“.

Well eigentlech war dat d’lescht Joer scho cool, all déi Weeknotes ze hunn, well sech déi Zäit réckbléckend vill méi laang ufillt, an ech mech un Detailer erënneren, déi ech soss vläicht vergiess hätt. Dat ass eppes, dat de Joël och schonn e puer mol gesot a geschriwwen huet, an et stëmmt wierklech. Ech muss also nees méi Weeknotes schreiwen.

Eppes, dat ech vun de leschte Wochen definitiv wëll festhalen: ech hu fir d’éischte Kéier ee Workshop fir kreatiivt Schreiwe geleet. Dat war wierklech cool, an ech wëll dat méi oft maachen.

Wat ech och nach wëll festhalen: ech war am Mäerz nees eleng op der Astronomie Nuecht am Pub, an ech koum trotzdeem am Quiz op déi 4. Plaz. Dës Kéier war d’Theema „Fraen an der Astronomie“, an wouropper ech stolz sinn: an der Ronn, wou et drëm goung Fraen z’erkennen an hier wichtegst Errongenschaft bei der NASA ze nennen, hat ech se alleguerte korrekt. Zum Beispill: d’MiMi Aung war d’Haaptingenieuerin vum Ingenuity Helikopter um Mars, an d’Katherine Johnson war instrumental bei de Berechnunge vun der Raumflugmechanik déi bemannte Missiounen méiglech gemaach hunn.

Wat ech mer an de leschte Méint hätt kéinte spueren: mäin Handy ass futti gefuer ass. En ass gestuerwen, wärend e gemaach huet, wat en am Léifste gemaach huet: doomscrollen. En hat et wierklech laang gepackt: am November 2019 hat ech e kaf, an de Bildschierm war säit e puer Méint och schéin zerspläitert, well ech en op den Trottoir geheit hat. Dono wollt en och just nach d’Hallschent vun der Zäit iwwerhaapt telefonéieren, mä well ech dat souwisou bal ni maachen, war mer dat relativ egal.

Eng Woch laang hat ech keen Handy. Dat ass wuel déi éischt Kéier, säit ech 15 oder 16 war (dat stëmmt, well ech virdrun einfach ni een hat, an och, well mer mäin éischten Handy prompt geklaut gouf). Dat Eenzegt, dat wierklech onkamoud war: d’Banken. Entweder, ech soll mech mat der App authentifizéiere fir mech anzeloggen, oder si schécke mer eng SMS. Béides goung natierlech net. Ech konnt mer och keen neien Handy mat der eegener Kreditkaart bestellen, well déi och eng Bestätegung iwwer d’App wollt. Dat ass scho Bordell an ech froe mech, wat ech gemaach hätt, wann ech net hätt kéinte meng Fra froen.

🇱🇺

Ier mäin Handy sech fir ëmmer ausgeschalt huet, hat ech bei de lëtzebuergeschen TikToker nach kuerz eng Diskussioun matkritt, wou et alt nees drëm goung, dass Leit kee Franséisch wëllen am Buttek schwätzen.

Dat ass sou eng Këscht, déi warscheinlech besser zou bleift, mä meng Astellung huet sech geännert, säit ech an engem Land liewen, wou déi offiziell Landessprooch tatsächlech eng Minoritéitesprooch ginn ass (eng 18% schwätzen nach fléissend Walisesch, eng 25% kënnen se e bëssen). Dofir denken ech mer haut: Lëtzebuergesch misst vill méi gefërdert ginn, wéi et dat gëtt.

Am Zeitungsbuttek ass et mer egal, wann ech mer muss eppes op Franséisch kafen. Ee „Moie“ wier flott, mä déi Leit hu keng Zäit fir no der Aarbecht nach an den INLL sëtzen ze goen, déi wëllen heem. Mä wann ech mer ukucken, dass mir eng Fra op Wien schécken fir den Eurovision, déi hiert ganzt Liewen am Land gewunnt huet a just gebrachent Lëtzebuergesch kann, dann denken ech mer: do leeft eppes schif. Dat ass mol net onbedéngt hir Schold, et ass ee Probleem mam System.

Dat ass och ee Grond, firwat ech mëttlerweil hei nees op Lëtzebuergesch bloggen: wann ech wëll dozou bäidroen, dass d’Sprooch lieft, muss ech se och selwer benotzen an engem Medium, wou se net oft benotzt gëtt. Och, wann dat heescht, dass hei bal kee méi mat liest – dat mécht dat mat der Wallis vläicht manner relevant.

Virun 20 Joer war ech enorm stolz drop, dass ech deen éischte Podcast op Lëtzebuergesch erausbruecht hat, deen dono och op iTunes gefeatured gouf. Iergendwann hat ech souguer WordPress selwer op Lëtzebuergesch iwwersat (déi Dateie goungen iergendwann verluer a mëttlerweil ginn Iwwersetzunge vu WordPress och ganz anescht gehandhaabt, mä vläicht setzen ech mech enges Daags do mol nach eng Kéier dohannert).

Mä schreift mer an d’Kommentaren, wann der Blogger kennt, déi op Lëtzebuergesch schreiwen, ech géing se gär liesen.

Ech wëll net soen: Lëtzebuergesch stierft aus. Sou eng Ausso gehéiert héchstens bei den ADR, an den ADR gehéiert an d’Dreckskëscht. Et stëmmt och einfach net; et ginn tatsächlech ëmmer méi Leit, déi d’Sprooch schwätzen.

Ma wann ech mer d’lëtzebuergesch Medielandschaft ukucken, ass alles op däitsch oder franséisch, ausser beim RTL, an dat ass kee seriöe Journalismus, a beim 100komma7 oder Eldoradio, an do sinn d’Artikelen och oft just een oder zwee Sätz (mir ass och kloer, dass dat ebe virun allem Radioe sinn). Ech hunn dat schonn als Kand net verstanen, dass do ëmmer eng Dageszeitung op Däitsch um Dësch louch. Dat ass awer och nees ee strukturelle Probleem, fir deen et finanziell Ënnerstëtzung bräicht.

Ech hätt och gäre méi seriö Literatur. Dat läit mer momentan och am Kapp, well ech viru kuerzem Den Drëtte Schlëssel vum Jean Schoos gelies hunn. Ech hat mech drop gefreet, well et eng Serie vu fënnef Bicher ass, an et scho cool gewiecht wier, meng éischt Serie op lëtzebuergesch ze liesen. Op déi aner véier hunn ech no deem éischten awer guer keng Loscht méi. Momentan liesen ech dofir Roserei vum Cosimo Suglia, an dat gefällt mer bis elo gutt. Wann der Empfeelungen hutt, fir gutt Romaner op lëtzebuergesch, dierft der mer gären ee Kommentar hannerloossen. Dat géing mech wierklech freeën.

Wou mer bei Romaner sinn: ech hunn, wéi ech d’leschte Mount fir e puer Deeg fir d’Aarbecht zu Lëtzebuerg war, tatsächlech ugefaangen, selwer ee Buch op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Déi Ambitioun hat ech scho méi laang, a viru Joren hat ech eng Kéier een éischt Kapitel geschriwwen, mä ech krut deen zentrale Konflikt, deen d’Geschicht géing dreiwen, ni geléist. Bis ech dunn een Owend iwwert de Lampertsbierg getrëppelt sinn, an et huet wéi aus dem Näischt eraus geklickt. Nach zu Lëtzebuerg, an dono am Zuch zeréck, koume schonn eng 10,000 Wieder zesummen, déi ech virun allem um Handy getippt hunn, wann ech iergendwou e bëssen Zäit hat. Wie weess, op dat jeemools verëffentlecht gëtt, mä et mécht mer enorm Spaass, dat ze schreiwen.

Ech lauschteren an der Lescht och vill méi Musek vun Doheem. Hei ass ee Lidd vun engem lëtzebuergesche Kënschtler, dat mer gutt gefält.

Kommentaren

Likes

Reposts

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

ThierryHeles.com