Podcast mat ausféierlechem Kommentar ass a Virbereedung, mee ech sinn batter enttäuscht vum Film.
The Golden Compass
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
Woer dach viraus ze gesinn ;)
Ech hunn mer lo mol d’Bicher kaft. Déi sollen vill besser sinn.
Wisou firauszegesinn? Den Lord of the Rings gouf dach zimlech propper emgesat, mol vun deem schmalzege Schluss ofgesinn – mee emmerhin hat en ee Schluss! The Golden Compass huet kee Schluss. Si hunn en erausgeschnidden!!! (JO! Am Trailer gesäit een nach Ausschnetter dovunner, mee de Film hällt ganzer dräi (!) Kapitlen firum Buch op.)
Ech hunn mech nom Film direkt erem an d’Buch gestierzt. Hunn et elo hallef duerch. A mat all Säit déi ech liesen, falen mer nach méi Saachen op déi se versaut hunn. ‘t ass eng Frechheet.
Deen heiten Artikel gräift eng ganz Rei vun de Saachen op déi ech dem Film firwerfen (meng Kritik ass manner positiv).
Ey, de Film ass vum Chris Weitz. Wat hues de der eigentlech erwaart? ;)
Peter Jackson > Chris Weitz.
Et erënnert mech bëssen u mech an d’”Harry Potter” Filmer, déi bis op dem Alfonso Cuarón (Gott seen en) säin grujheleg schlecht sinn.
Hmpf jo. Mee den Trailer war awer gäil. Mee Dräivéirels vun deem wat een am Trailer an de Featurettes gesinn huet, ass net am Film dran. :/
À propos Harry Potter… Ass de Speisesaal am Golden Compass eigentlech dee selwechten wéi am Harry Potter? Dat huet verdächteg ähnlech ausgesinn…
ah. ech hat scho bedenken wei ech d’haaptduerstellerin gesin hun :P
erenner mech drun dei dvd nie ze kaafen ..
Wow, ech sin enger Meenung mam Chris. ;-) En effet, den Saatz “But those who haven’t read the books will likely be even worse off, as I’m not sure they’ll have any idea what’s going on to begin with.” trefft och op all Hp-Verfilmung zou, ausser vlaischt déi vum Cuarón.
Am groussen an ganzen: Schued. Mee vlaischt een Usporn, déi Bicher endlech mol ze liesen.
D’Haaptduerstellerin geet eigentlech nach. Okay, et huet roud Hoër, mee dat huet mech eigentlech net sou gestéiert. Dem Nicole Kidman seng blond / bal wäiss Hoër ware vill méi nerveg. En plus spillt d’Richards net schlecht, et brauch zwar e bessen bis et a Schwong kennt mee um Enn vum Film ass et richteg gudd.
Definitiv! Ech hunn mech gëschter direkt erem an d’Buch gestierzt nom Film… A mat all Säit déi ech liesen falen mer erem méi Saachen an, déi am Film entweder feelen oder radikal falsch duergestallt ginn.
tzk tzk dass dier emmer d filmer braucht ier der d bicher liest …
pullman ass gutt an et gin och mei erwuessen bicher fun em iwregens, woubei ech eigentlech fannen dass all seng bicher eng hannersenneg grausamkeet hun dei ech bei jugendbicher net erwarden fun dohier ..
fazit liest :P
Ech hunn d’Buch EREM gelies nodeems ech de Film gesinn hat (respektiv sinn nach amgaangen, méi wäit wéi dat 10. Kapitel koum ech net, ech hunn jo blöderweis och nach Essayen ze schreiwen). ;)
Hat firun zwou Wochen ee Cours iwwert de Pullman, haaptsächlech iwwert “A Clockwork Orange” an “Northern Lights.” Erstaunlecherweis liesen Kanner déi Bicher anescht, zumols bei Clockwork interpretéiren se d’Grausamkeet / souguer deelweisen Horror ganz aneschters wéi Erwuessener. Ech fannen et méi erstaunlech, dass een Auteur sou eppes färdeg bréngt, wéi et einfach nemmen anzebauen. :)