Review


  • It’s A Wonderful Afterlife

    De neie Film vum Gurinder Chadha (Bend It Like Beckham) ass haut ugelaf: It’s A Wonderful Afterlife. D’Geschicht ass séier erzielt: d’Mrs Sethi (Shabana Azm) ass eng verzweifelt Mamm, déi hiert Meedchen Roopi (Goldy Notay) endlech wëll bestued gesinn an alleguerten déi Leit ermord, déi hier Duechter net wëllen verkuppelen (an duerch eng Rei absurd…

    Liesen »


  • Kick-Ass

    Putain, wat ee gäile Film! Iwwerdriwwen, total absurd Gewaltszenen. Ee schwulen Aaron Johnson, deen dann awer herno dierf e Meedchen rammelen ewéi verréckt. Een 12-jähregt, dat “cunt” seet a Leit mat engem Butterflymesser den Hals opschlitzt. E Papp deen sengem Kand verbidd Hausaufgaben ze maachen ier e puer Leit zermetzelt goufen. E Film deen sou…

    Liesen »


  • Crazy Heart

    De Bad Blake, gespillt vum Jeff Bridges, dee fir déi Roll fir en Oscar als beschte Schauspiller nominéiert ass, ass en ale Countrysänger, deen duerch d’Land zidd an kleng Concerte spillt. En huet zanter Joeren kee Lidd méi geschriwwen, lieft vum Whisky an Zigaretten, an ass rosen op säi fréiere Frënd Tommy, gespillt vum Colin…

    Liesen »


  • The Lovely Bones

    Liest d’Buch. Éischtens ass d’Geschicht besser – well komplett anescht – zweetens huet et keen esou bombastesch previsibel Peter Jackson-esque Schluss. Leit, déi d’LotR Trilogie kenne wëssen, wat de Peter Jackson upéckt, trieft dono nëmmen esou vu Pathos. An dat ass och hei erëm de Fall – et kënnt een sech bal fir ewéi wann…

    Liesen »


  • Oggy Oggy Oggy! Great… Lovely… And I’m afraid the police would like to interview you all.

    Ech weess net, wat ech vun der neier Staffel soll halen. Si gesäit definitiv besser aus ewéi déi läscht – wat éierlech gesot net schwéier war, mä mech trotzdem e bëssen hoffe léisst. Wat ech vum Selbstmord hale soll, weess ech net. Ech waarden emol of, wat dat elo fir Auswierkungen op de Status Quo…

    Liesen »


  • E puer ofschléissend Gedanken zu Social Networking

    Ech benotzen den Zuckerberg bekanntlech net méi als Bréifdréier well deen meng Bréiwer kopéiert an déi onendlech laang selwer hällt an och soss d’Inkarnatioun vum Däiwel ass, an ech fillen mech – e bëssen huet et mech trotzdem selwer iwwerascht – esou konnektéiert ewéi scho laang net méi. Ech hunn d’lescht Nuecht siwe Stonnen mam…

    Liesen »


  • The Road

    Ech kann net wierklech behaapten, ech hätt mech besonnesch op de Film gefreet. D’Buch hunn ech virun e puer Joer gelies an et net esou iwwel fonnt, bis ech déi aner McCarthy Romaner gelies hunn fir meng Dissertatioun (déi war iwwer post-apokalyptesch Literatur) ass mer kloer ginn dass dat, wat mer un The Road als…

    Liesen »


  • The Third & The Seventh

    Et gëtt momentan jo vill driwwer diskutéiert, wéi genial d’Spezialeffekter am Avatar sinn. Ma ech muss iech eppes soen: Avatar ass der Zäit ongeféier zéng Joer hannendran. Dat hei ass hautzedags méiglech: absolut perfekte Realismus mat honnert Prozent Computeranimatioun. Dat muss ee gesinn hunn. Onbedéngt am HD an op vollem Bildschirm kucken, well et ass…

    Liesen »


  • The End of Time

    Den 1. Januar stierft en, dee coolsten Dokter vun hinnen all. An dat lescht Kapitel ass esou schéin düster, esou melancholesch, esou schwéierfälleg. E brécht an Tréinen aus, en gëtt zou dass en aleng ass, beicht dass e vill Feeler gemaach huet, färt den Doud ewéi och all Mënsch färt. De Master schwelgt an Erënnerungen…

    Liesen »


  • “Kneel before Kal-El!”

    Spoiler: Wien bei der néngter Staffel Smallville hannendran ass, bleiwt léiwer ewech vun dësem Post. Et ass keen Geheimnis, dass ech mech op déi néngt Staffel vu Smallville gefreet hunn. Aacht Staffelen laang sinn ech ganz tapfer dobäi bliwwen, well de Superman zanter menger Kandheet mäin léiwsten Superheld ass. An well ech fest dorun gegleewt…

    Liesen »


  • 9

    Wann ech éierlech sinn, waren meng Erwaardungen un de Film null. D’Traileren hunn mech net iwwerzeegt, an ech hat och net wierklech eng Ahnung wourem et géing goen. Dass de Film deelweis zu Lëtzebuerg enstanen ass, war och keen Argument, dofir sinn ech net genuch nationalistesch. Abee, de Film ass genial. An enger postapokalyptescher Welt…

    Liesen »


  • I’m coming home, listening to the streets to keep me company

    Ech sinn wahrscheinlech net ganz objektiv wann ech soen, dass dem schwäizer Muséker Patrick Bishop seng Debutsingle absolut fantastesch ass. Well ech en kennen, well ech schon anerthallewt Joer op säin Album waarden, an well ech schon eng Kéier 400 Kilometer gereest sinn just fir en live ze erliewen (wat ee vun de genialste Concert…

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (6)

    Cloudy With a Chance of Meatballs. Een extreem léiwen Animatiounsfilm am 3D vun engem Genie, deen als Kand opgrond vun sengem Intellekt emmer e bëssen ausse virgelooss gouf an als eenzeg Bezugspersoun seng Mamm huet, déi en fréi verléiert. Säi Papp wënscht sech, de Jong géing him an sengem Geschäft hëllefen, mä dem Jong seng…

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (5)

    Under the Pavement – The Beach. Dee neien Album vun der schwedescher Band Deportees erfënnt zwar d’Popmusék net nei – zumindest net déi schwedesch, aner Länner kéinnten duerchaus nach draus léieren – mee dat brauchen se och guer net well et ass trotzdem ee wonnerschéinen Album. Absolute Favorit: “Wherever I Lay My Head Tonight,” eng…

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (4)

    Angels and Demons ass guer net esou schlecht, wéi ech mer dat erwaard hätt. Et ass bei wäitem kee Meeschterwierk an d’”Fakten” sinn total inkorrekt (de CERN huet am Ganzen mol kee Billiounstel vun där Antimatière hiergestallt, déi am Film ze gesinn ass, ‘per acclamationem seu inspirationem’ gouf vum Jean-Paul II. an senger ‘Universi Dominici…

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (3)

    Star Trek. Ech haassen de Film. Hätt ech mech net souvill iwwert all dee Brach opgereegt, wier ech wahrscheinlech schon agepennt wéi de Spock déi éischte Kéier eng Kläpperei ugefaangen huet. Ausser de Schauspiller, virun allem de Zachary Quinto, huet mer näischt gefall. Wann ech wëll klischeehaft Kläppereien, sinn ech mat Green Street Hooligans besser…

    Liesen »


  • Star Trek

    Meng Erwaardungen sinn gläich null, fir net ze soen am Negativberäich. Den Owend stellt also amfong eng Win-Win Situatioun duer: entweder ech kréien d’Genugtuung dass ech Recht hunn, oder ech ginn positiv iwwerascht (an dat wert schon de Fall sinn wann se de Franchise net komplett duerch den Dreck zéien). Ech si gespaant…

    Liesen »


  • One Gilmore Friday

    Genausou bescheuert wéi deen Blogposttitel gesäit den éischten Filmclip vun The Good Guy aus (deen, an soss wier et wahrscheinlech méi interessant, net um gläichnamegen Buch vum Dean Koontz baséiert). Alexis Bledel, Bryan Greenberg a Scott Porter hin oder hier, wann do net nach ee wahnsinnegen Trailer nokënnt, verpassen ech dee Film – wat schued…

    Liesen »


  • “I won’t hold the future to your eye, cause we are already waiting to die”

    Ech froen mech grad wéisou ech komplett verpasst hat, dass et ee neien Album vum Maria Taylor gëtt. A wat fir ee wonnerschéinen, melancholeschen Album LadyLuck ass! Musék fir d’Aan zouzemaachen an ze dreemen, fir alles wéi Waasserfaarwen ronderem een verlafen ze loossen, fir sech komplett dran ze verléieren. Deen éischten Album vun dësem Joer,…

    Liesen »


  • World Book and Copyright Day

    Och dëst Joer erem zélébréiert d’UNESCO hieren World Book and Copyright Day, woufir ech fënnef Bicher virstellen wëll, déi mech ganz besonneg beandrockt hunn.

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (2)

    Wat mécht een op Ouschtersonndeg an engem kathoulesche Land, als Antitheist? Et geet een 10 Stonnen an den Utopolis an zidd sech ee Film nom aneren eran. Hei e puer Kommentarer. Fast and Furious 4 ass endlech en würdegen Sequel fir The Fast and the Furious. Eigentlech bräicht een sech déi zwee Filmer dotëscht –…

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou

    Lesbian Vampire Killers ass ganz witzeg, géing ech mer awer keng zweete Kéier wëllen ukucken. Op ech mer de Sequel, deen ganz staark ugedeit gëtt, an deen mir e Freideg kuerzerhand Gay Werewolf Slayers betitelt hunn, undinn, weess ech och net. Trotzdem: wien ronn 90 Minutten gudd wëll laachen, an net zevill obsédéiert ass mat…

    Liesen »


  • Halo Of Pendor

    For the past weeks, I have desperately been skimming through my iTunes library, looking for a song to go with my current mood. I couldn’t find any, which is quite scary as I have every genre you could possibly think of – Jazz, Rock, Punk, Trance, Avant Garde, Alternativ, Indie, Electronica, HipHop, Postrock, Bass’n Drum,…

    Liesen »


  • to bite the bullet

    They talk a strange language in good old Blighty… By the way: If you haven’t seen Damages yet, you gotta see it. I’ve just watched the pilot on the BBC. It’s yet another lawyer series, but the characters are really intriguing (and it’s character driven, not focused on the trials) and there’s one big story…

    Liesen »



  • Heima – A film by Sigur Rós

    This is quite a lengthy review, so take some time if you want to read it in one go. A little info about the price and the version I bought: Virgin advertised Heima at £19 but unfortunately they didn’t have a copy in store, resulting in me buying it at HMV for the official RRP…

    Liesen »


  • Heima

    I got it! Two DVDs plus a 116-pages photo book. Review follows. :)

    Liesen »


  • Bombastesch!

    Déi nei CD vu Sigur Rós bidd ee Meeschterwierk nom aneren. Hei kann een d’Lidder (integral!) schon eng Kéier lauschteren, fir d’Zäit bis de 5. November (wann d’CD/DVD an d’Geschäfter kennt) ze verkierzen. 96kbps ginn de Lidder zwar net gerecht, mee fir eng Idee ze kréien wat do an e puer Deeg alles vu musikalescher…

    Liesen »


  • Eternal Sunshine of the Spotless Mind

    Wéi laang deen elo schon hei ronderem louch ouni dass ech mech iwwerwonnen krut en mer endlech unzekucken wees ech net, mee et ass vollbruecht. Wierklech héich waren meng Erwaardungen un de Film net, weder den Jim Carrey nach d’Kate Winslet zielen zu menge Favoriten an d’Synopsis huet mech och net wierklech emgeworf. Zwee Leit…

    Liesen »


  • Do Androids Dream Of Electric Sheep?

    Ech maache jo eigentlech net gäre Reklamm, mee dat hei muss sin. DADOES? hun den Owend hier Release Party vun hierer éischter LP Snapshot Lamento am Shiny’z zu Kielen (jo, do wou déi lescht Mohebo war). Déi 12 Lidder sin mat dat Bescht wat ech bis elo aus der Hardcore Szen héiren hun, an definitiv…

    Liesen »

ThierryHeles.com