6.770.263.078 Mënschen ginn et genau an dësem Moment. Dat sinn knapps zwou Milliounen méi ewéi nach Ufank des Mounts. An déi 6,77 Milliarden sinn ee bal irrelevanten Deel vun den ongeféier 106,5 Milliarden Mënschen déi jemols geliewt hunn. Eigentlech erstaunlech ewéi een et als Individuum färdeg bréngt sech selwer fir wichteg an onersetzbar ze halen, a net duerchzedréien.
Onbedeitend
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
Puren Selbsterhaltungstrieb ;)
An de Mënsch ass dach Meeschter am Sech Oflenken!
Ech verstin ni, firwat d’Leit ëmmer méngen, së wiren onbedeitend, just wéll ët der vill aanerer gin oder den Universum sou grouss ass.
Ech gesin dat ëmmer sou, datt ech frou sin, Member vun eppes sou Groussem kënnen ze sin. Wat eng Chance ech hun, iwwerhaapt kënnen zë existéiren. Ech sin aus der Mënschheetsgeschicht net méi eraus ze denken, wéll ech scho sou vill Leit beaflosst hun (a wann ët nëmme ganz subtil ass, wi mat desem Kommentar), datt eigentlech d’ganz Zoukonft doduerch verännert gin ass. Dat ass mäin ganz eescht a sériöt Weltbild.
Wann een net giff existéieren, giff een d’Existenz och net vermëssen kënnen.
A fir eis ass et flott ze existéieren well mir schéin, agréabel a confortabel liewen. Ech wees net, op ech frou wier ze existéieren, wann ech am Sudan géiff hongeren oder vun engem Parasit giff lues a lues vun bannen zerfriess ginn, oder ënnert den Trümmer vun mengem Haus, wat vun engem Äerdbiewen zerstéiert gouff, giff erdiichteren …
A wat heescht d’Zukunft veränneren?
Soit ass d’Zukunft nach net definéiert, da kann se och net verännert ginn (wéi kann een eppes veränneren, wat net existéiert?).
Oder sie ass definéiert an dann sinn all deng (oder eis) Aktiounen nëmmen logesch an noutwenneg Konsequenzen, vun deem wat virausgaangen ass.
Ech giff op dat zweet wetten.
Als Romantiker sinn ech dem pa senger Meenung.
Mir si just onbedeitend dee Moment wou mer d’Welt als grousst Schema verstinn.
… seet die eng Sejomes zu der anerer ;)