Dat war déi laang Waardezäit esou wäert. Et ass de Film vum Joer. Mindestens.
Inception
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
Schéin, dass en der gefall huet. Da wëll ech näischt gesot hunn, vun Erwaardungen bremsen. :)
Ech hat jo meng Schwieregkeete mam Film, mä soit, gutt war en. Film vum Joer – naja. Ass éischtens e bësse fréi fir dat sou ze soen (denken, däers bass de der och bewosst), zweetens kënnt e Mëttwoch Toy Story 3 och a Lëtzebuerg raus an da ginn d’Kaarten och do nei gemëscht. Vue dass ech d’Gléck hat de Film scho gesinn ze hunn, kann ech just soen: free dech drop.
Ech schreiwen vläit iergendwann eng Kritik vum Film, wou ech méi drop aginn. Ech wëll och net soen, dass e perfekt war. Mä em Längte besser wéi (sou zimlech) alles wat ech rezent gesinn hunn.
Den Toy Story ass am 3D, domatter huet e fir mech scho verluer. Mä vläit leeft e jo och am 2D iergendwou. Well ech wëll en amfong gäere gesinn.
Ech hunn en an 2D gesinn. Dat huet effektiv vläicht gehollef.
Film vum Joër? Naja, affaire de goût an en effet nach bëssen fréi.
Wier awer op däin Review gespaant!
Op mengem Blog geet et jo em mäi Goût. ;) Dat mam fréi: et gëtt keen anere Film dëst Joer, op deen ech mech zanter esou laangem esou freeën, vun dohier sinn zumindest meng Erwaardungen un d’Kinoswelt 2010 elo non-existent.
Fannen ech nët.
Ech war en gëschter kucken. Ech hunn mech zwar wierklech gutt am Film ameséiert, mä op d’mannst an der Kategorie “Mindfuck” kënnt en wierklech net un den Stay (2005, dir. David Benioff) erun. Deenen wou den Inception gefall huet géif ech Stay empfielen.
Agree, béisen Film. Mol kucken wat the adjustment bureau (ënnert anerem) bréngt. ;-)