Leschte Freideg huet Imogen Heap zu Cardiff an der wahrscheinlech gäilster Venue déi et gett gespillt: The Point, eng kathedralsähnlech Concertshaal. Ech krut natirlech keen Ticket. Wéi wann dat net schlemm genuch gewiecht wier, huet am Cours firdrunner d’Proff ganz begeeschtert vun deem Concert geschwärmt während mer zu enger ganzer Rei duerchgedréit si, well mer net och do waren. Non dicas!
Aaaargh
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
Muss jo eng cool Proff sin :)
Verdammt cool. :) Si huet sech haut nämlech och opgreegt, dass se wollt d’Final vun der 3. Staffel The O.C. kucken, an dunn sot hiere Bouf hier schon mol direkt wéi d’Folg géing ophaalen. Wéivill Proffen kucken The O.C.? :) Ok, t’hänkt vläit zesummen, Imogen Heap huet jo genuch Lidder fir déi Serie geschriwwen… :)
Ëmmerhin ass d’läscht Lidd vu Staffel 3, jo och vum Imogen Heap. Mee, kléngt trotzdem frustréirend. Dat hat ech mol, wéi op 5e mäin Engleschproff vum Moby-Concert geschwärmt huet an ech hätt kënne vu Roserei frecken.
An ech fannen Hallelujah ass eent vu senge beschte Lidder. Obwuel ech kee Frend vun A Cappella sin, dat Lidd ass genial. :)