Den Lehrer 0.9 beschreiwt d’Problematik vun der Francophonie zu Lëtzebuerg emol aus däitscher Sicht. Wéi friemenfeindlech ass dat dann, wa mir eis Sproch – déi vergläichsweis einfach ze léiren ass fir een däitschen Matbewunner – einfach faale loossen, an eis däitsch Matbewunner domatter forçéiren sech mat franséisch ze ploen – wat fir déi eng wäitaus méi komplizéiert Sproch ass? Schléisse mir domat déi däitsch Natioun net bewosst aus a maachen hinnen et absichtlech schwéier sech z’integréiren? De Krich ass awer dach schon iwwer 60 Joër eriwwer…
À propos Fransousen a Lëtzebuerg(esch)
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
Wi ech um Lampertsbierg um Centre Universitaire war, hat ech mol e Prof gefroot, firwat se keng däitsch Coursen méi hätten (e puer Joer firdrun goufen et där nach). Dee sot mer dunn, di hätten se ofgeschaaf an durch franséicher ersaat, well soss d’Belsch an d’Fransousen zevill Problemer domat hätten. D’Logik dovun hun ech ni verstaanen, wëll sou hu jo lo di Däitsch Problemer mat de Coursen. Mee wéi eng Däitsch? Där studéire jo bal keng hei. Ma vläit grad wëll all Cours op franséisch ass!
Mir ginn komplett francophoniséiert. Dann hunn d’Belge an d’Fransousen gewonnen an brauchen sech nach manner unzestrengen fir hei hiert Geld ze verdengen (wat se dann nees mat iwwert d’Grenz huelen) …
sin dat net nach emmer d’Nooweihen vum WW2? Emmerhin wor letzebuerg virdrun vill mei germaniséiert…