Heiansdo denken ech mer: läsch einfach mol alles. Vum Joan Westenberg hunn ech virun enger Zäitchen en Essay gelies, wéi si all hier Notizzen geläscht huet. Souwäit wéilt ech net goen: a mengem Obsidian liewen net nëmmen all meng kreativ Texter, mä och all d’Artikelen déi ech fir d’Aarbecht geschriwwen hunn. Mä hei um Blog? Do kribbelt et mech dann awer an de Fangeren.
Firwat?
Zwee Joerzéngten un Texter hei ze hunn, vun deenen der dach vill wierklech net méi dat rëmspigelen, wéi ech haut iwwer d’Welt denken, fillt sech dacks wéi Ballast un, deen ech misst lass ginn fir hei nees méi ze schreiwen. Et fillt sech och wéi Ballast un, wann ech driwwer nodenken, wéi ech deem Blog hei kann nei Energie verschafen. Soll et méi Tagebuch sinn, oder méi Essayen, oder méi kreatiivt Schreiwen, oder weiderhin eng Mixtur wou näischt sou wierklech hänke bleift? Vläicht mécht et och Sënn, dat alles ze trennen. I contain multitudes, mä vläicht mussen se net all op der selwechter Websäit liewen.
Oder sinn dat alles just Excusen? Well eigentlech kéint ech jo trotzdeem méi hei schreiwen, wéi ech dat maachen. D’lescht Joer hat ech dat jo souguer méintelaang all Woch hikritt.
Vläicht hänkt et och alles domadder zesummen, dass ech a véier Wochen 40 Joer al ginn. Momentan mécht mer déi Zuel u sech net vill aus (frot mech an engem Mount nach eng Kéier) an ech hunn och keng Pläng, mer en Harley-Davidson Motorrad ze kafen, mä et ass trotzdeem komesch. Bal d’Hallschent vu mengem Liewen ass, statistesch gesinn, eriwwer (meng Liewenserwaardung hei ass 84 Joer), an ech weess net, wéi vill vun deem, wat ech mat 20 an d’Welt posaunt hunn, ech wëll digital mat schleefen.
Komesch awer och, well 40 Joer al heescht, dass ech mëttlerweil plus-ou-moins d’Hallschent vu mengem Liewen am Ausland wunnen. Ech froe mech an der Lescht ëmmer nees, wat dat mat menger Identitéit mécht. Dat ass näischt Neies: do war schonn emol eng Kéier sou eng Kris, dank Brexit.
Wéi vill sinn ech nach „Lëtzebuerger“ wann ech de Groussdeel vu mengem Liewen net an deem Land verbruecht hunn, dat mer nach ëmmer als éischt an de Kapp kënnt, wann ech un Heemecht denken. (Sou stacklëtzebuergesch hunn ech mech jo nach ni gefillt, also liest do lo keen Nationalismus eran, deen net do ass.)
A wat heescht dat iwwerhaapt, am 21. Joerhonnert Lëtzebuerger sinn, virun allem och fir meng Generatioun, vun där der vill am Ausland wunnen?
Am Fong sinn dat fir mech alles keng nei Froen, wann ech éierlech sinn. Mä et huet eng gewëssen Ironie, dass ech mer se haut stellen, um Dydd Gŵyl Dewi Sant, dem walliseschen Nationalfeierdag.
Ech hu mer se zum Beispill och gestallt, wéi ech zu Köln an der Kathedral stoung, an de Wäirauch wéi dem Proust seng Madeleine mech u meng Zäit an der Sainte Sophie erënnert huet (sou wollt de Jesus dat bestëmmt).
Ech stellen mer se och reegelméisseg um Wochemaart, wann ech dat wéinegt Italieenesch, dat ech nach kann, benotzen, fir mer beim Sizilianer eng Portioun Arancini ze kafen. Dat deet mer och e bësse Leed, dass ech hei Sproochen e bësse verluer hunn (ausser beim Franséischen, déi Späicherplaz kann ech och gebrauchen, fir eppes Nëtzleches).
Déi leschte Kéier, wéi ech zu Lëtzebuerg war – dat war déi éischte Kéier zanter fënnef Joër, an dat sinn elo och schon erëm dräi Joer hier – koum déi Fro mer och an de Kapp. D’Land huet sech anescht ugefillt, wéi ech et an Erënnerung hat: et war op eemol iwwerall souvill Liewen. Souguer a mengem alen Duerf war de Café Dënnschdes voll, an et gouf vegetaresch Burger. An op eemol war dat ee Land, an deem ech awer nees vläicht kéint liewen… iergendwann. An et mécht mech och e bëssen traureg, dass et vläicht, virun allem wéinst der Wunnengskris, ni wäert méiglech sinn (ausser ech ginn elo op eemol mat menger Firma Millionär, lol).
Vläicht läit et och zum Deel drun, wéi sou villes am UK sech an d’Negativt verännert huet. Eng konservativ Regierung mécht dat eben aus engem Land, a Labour huet bis ewell och net wierklech iergendeppes Anstänneges iwwert d’Bühn kritt. Mä och do sinn ech mer bewosst: et ass a ville Länner momentan politesch gesinn net immens.
Virun e puer Deeg souz ech am Café mat engem iresche Kolleeg, a mir hunn eis iwwert d’politesch Situatioun hei ënnerhalen (am Mee sinn d’Senedd Walen, an et gesäit uerg dono aus, wéi wa Labour fir d’éischte Kéier an der Geschicht keng Majoritéit kritt) an doriwwer, op mer eis kéinte virstellen, iergendwann nees an eist jeweilegt Land zeréck ze plënneren. Mir hunn eis hei Liewen opgebaut, de Groussdeel vun eise Frënn sinn hei, an amfong geet et eis jo gutt.
The grass is always greener on the other side of the fence, wéi et op Englesch heescht. An Irland hunn se och eng Wunnengskris. Am Endeffekt konnte mer eis allenzwee net sou richteg virstellen, zeréck ze plënneren, obwuel déi Fro fir eis Migranten wuel trotzdeem ëmmer am Raum wäert stoen.
Wéi huet de Goethe scho geschriwwen? Zwei Seelen wohnen, ach, in meiner Brust.
Wéi ech zu Köln an de Filmpalast getrëppelt sinn, koum ech bei engem faillite Butték laanscht, wou an der Fënster stoung: Et bliev nix wie et wor. A souguer Lëtzebuerg ass net bliwwen, wéi et war; vläicht passen ech do mat menger komplizéierter Identitéit nees iergendwann gutt hinn.
Leave a Reply