2009
-
World Book and Copyright Day
Och dëst Joer erem zélébréiert d’UNESCO hieren World Book and Copyright Day, woufir ech fënnef Bicher virstellen wëll, déi mech ganz besonneg beandrockt hunn.
-
It’s legen… wait for it – and I hope you’re not lactose intolerant, because the second half of that word is… DARY!
Ech wéinscht, ech hätt meng How I Met Your Mother DVDen net zu Lëtzebuerg leien gelooss. Ech géing grad esougären eng Folg kucken.
-
“It’s Amazing Where I’m Standing”
Espen Lind, Kurt Nilsen, Alejandro Fuentes, & Askil Holm – With Or Without Youwell et esou ee schéine Cover assMurray Gold – Abide With Mewell ech bei deem Lidd nach emmer Gänsehaut kréienNine Inch Nails – In This Twilight (Piano Mix)well déi Versioun nach eng Kéier sou genial ass, wéi d’OriginalversiounTone Damli Aaberge – Butterflieswell…
-
Kuerzkritiken, oder sou (2)
Wat mécht een op Ouschtersonndeg an engem kathoulesche Land, als Antitheist? Et geet een 10 Stonnen an den Utopolis an zidd sech ee Film nom aneren eran. Hei e puer Kommentarer. Fast and Furious 4 ass endlech en würdegen Sequel fir The Fast and the Furious. Eigentlech bräicht een sech déi zwee Filmer dotëscht –…
-
1123, 6536, 5321
Ech hunn et also och endlech gesinn, an ech si begeeschtert. Ganz grousse Kino – méi brauch een dozou net ze soen.
-
NIИ
Ech déklaréieren haut emol einfach zum NIN Dag. De Pre-Sale fir de Nine Inch Nails Concert an der Rockhal huet haut ugefaangen. Wien nach keen Ticket huet sollt sech bäimaachen, des Tour ass déi leschte Geleegenheet ee Nine Inch Nails Concert ze gesinn, ier den Trent Reznor de Projet op onbestëmmten Zäit op Äis leet.…
-
Codes in the Clouds
Wou ech grad bei Saachen sinn ob déi ech mech freen, hei ass nach esou eppes.
-
There Are No Goodbyes
Déi Band, déi mech mam Indie Genre bekannt gemaach huet, Sophia, bréngt d’nächste Mount hiere neien Album eraus: There Are No Goodbyes. Deen hunn ech mer natirlech lo direkt virbestallt, an der Bonus CD Éditioun. Wat een op hierem MySpace Site vum neien Album ze héieren kritt, gefällt mer och schon emol ganz gudd. Mee…
-
Zwou Adaptatiounen, vun deenen ech net wousst, dass et der sinn.
K-PAX, de Film mam Kevin Spacey em een angeblech Ausserirdeschen aus dem Joër 2001, baséiert um éischte Buch aus der K-PAX Trilogie vum Gene Brewer. (Am zweete Buch gëtt iwwregens verroden, op den prot just eng mental Stéierung huet.) Dexter, d’Fernsehserie mam Michael C. Hall em ee Märder deen als Forensiker fir d’Police schafft, baséiert…
-
Kuerzkritiken, oder sou
Lesbian Vampire Killers ass ganz witzeg, géing ech mer awer keng zweete Kéier wëllen ukucken. Op ech mer de Sequel, deen ganz staark ugedeit gëtt, an deen mir e Freideg kuerzerhand Gay Werewolf Slayers betitelt hunn, undinn, weess ech och net. Trotzdem: wien ronn 90 Minutten gudd wëll laachen, an net zevill obsédéiert ass mat…
-
NIN|JA 2009
Ech hunn mech grad beim Lauschteren vun Y34RZ3r0r3mix3d gefrot, op den Trent Reznor eigentlech net och twittert, wou dee Mann dach soss esou modern ass an et versteet déi nei Medien perfekt fir sech ze notzen. En twittert och effektiv. Doduercher sinn ech dann op ee Projet gestouss, vun deem ech iwwerascht sinn, dass den…
-
Holy…
Endlech e Film mat zwee vu mengen absolut léiwste Schauspiller: dem Zooey Deschanel an dem Joseph Gordon-Levitt. Wat mech awer erschreckt huet ass, wéivill deen Trailer wéi mäi Liewen ass. Bis zu deem Moment, mat abegraff, wou déi zwee sech mat der Hand huelen, ass et praktesch identesch zu deem wat a mengem Liewen an…
-
SadAutumn goes lëtzebuergesch
E puer Wochen hunn ech elo ronderemgekniwwelt. Wéi verschiddener eventuell nach wëssen, hat ech virun éiwegen Zäiten emol eng Kéier WordPress op lëtzebuergesch iwwersat fir d’naischtnotz Podcasten. Deemols war dat alles Hardcoding – spriech déi englesch Wierder an de PHP Dateien all eenzel änneren. Dat hat natirlech zum Nodeel, dass all d’Datumer nach op Englesch…
-
Polarkreess
Zéiflësseg Trauregkeet. Melancholesch drëpst se wéi Ueleg op een gliddege Steen, deen trotz all Beméien net brennen wëll. Uewen, am Himmel, dovunner probéieren ech mech z’iwwerzeegen: d’Silhouette vun engem Zeppelin. Mee hien huet jo keen. Ech war um Buedem zerstéiert, wéi de Nate Fisher jr gestuerwen ass. Joerelaang hat ech mat deem Personnage gelidden a…
-
When vapour hits air
Et gëtt dech also nach, meng aalbekannten, muenchmol verhaassten, muenchmol geschaten Schloflosegkeet. Fir éierlech ze sinn, ech hat dech net groussarteg vermësst an de leschte Wochen, an wanns de net elo erem opgedaucht wiers hätt ech dech wuel an de nächsten Deeg iergendwann vergiess. Dat hues du wahrscheinlech gespuert an der geduecht, du misst dann…
-
De Pianocktail Mixtape Bengel – Lidd Nummer 6
De bloGeescht huet dem Staater de Bengel geklaut an mir en eriwwergeschoss. Well ech mer herno net wëll soen loossen, ech hätt genau sou laang op mech waarden gelooss, réagéiren ech dann emol prompt. Mäi Lidd ass vun der “kanadeschster schwedescher Band déi et gëtt” (ech wees net méi wou, mee ech hat dat eng…
-
“I figured maybe if my heart stopped beating it wouldn’t hurt so bad.”
God is an Astronaut – Fire Flies and Empty SkiesRufus Wainwright – Not Ready To LoveSigur Rós – Óskabörn þjóðarinnarMinor Majority – She Gave Me AwayAshtar Command – Into DustLiars – The Other Side of Mount Heart AttackWir Sind Helden – StillerStone Sour – The FrozenSpiritualized® – Death Take Your FiddleHilmar Örn Hilmarsson – Schiller…
-
Schnéiflacken
Hien sëtzt eleng an sengem Zëmmer. Ënnenan: eng Rei Leit, déi e virun e puer Wochen nach all als seng Frënn bezeechent hätt. Elo hält en et kaum nach aus, laang mat engem Deel vun hinnen am selwechte Raum ze sinn. Op Mënschen muss een sech kënnen verloossen, an hien huet geléiert déi Leit, déi…
-
En dierf et net méi wëssen.
Do sëtzen se elo also nees an hirem Stammcafé. Hatt, um Enn vum Dësch, eng hallef Stonn ze spéit komm; hien, op säi Béier kuckend. Allebéid leenen se sech no vir, hunn d’Ärm um Dësch leien, liicht verschränkt – wéi wann se géingen an ee Spigel kucken halen se sech all Kéiers zur selwechter Zäit…