Ech hunn et also och endlech gesinn, an ech si begeeschtert. Ganz grousse Kino – méi brauch een dozou net ze soen.
1123, 6536, 5321
Post URL
Paste the post URL into the search field of your favorite open social app or platform.
Your Profile
Or, if you know your own profile, we can start things that way!
Why do I need to enter my profile?
This site is part of the ⁂ open social web, a network of interconnected social platforms (like Mastodon, Pixelfed, Friendica, and others). Unlike centralized social media, your account lives on a platform of your choice, and you can interact with people across different platforms.
By entering your profile, we can send you to your account where you can complete this action.
Kommentaren
:) Méi muss een och net soen. Just eben Schued, daat et elo endgülteg riwer ass.
Okay, dat hun ech awer misste googlen.
Interessant och dem Komponist séng Notizen, wi en aus der Musek d’Koordinaten erstallt huet: http://www.bearmccreary.com/blog/?p=1760
-> Generating Kara’s Coordinates
Grousst emotionalt Enn, mee leider schued, datt verschidden Saachen net opgeklärt oder als Akt vu Gott erklärt goufen.
Tz. Pa, du bass net Geek genuch. :P Mee wat d’Koordinaten ugeet, ech hunn et relativ cool fonnt, dass dat heiten net déi “richteg” Ärd ass. An dass verschidden Saachen als Akt vu Gott erklärt goufen, war jo awer vun Ufank u kloër. Relioun a Gott/Götter hunn duerch déi ganz Serie erduerch eng grouss Roll gespillt. De Soundtrack hunn ech virun allem immens fonnt, well de McCreary d’Thema vun der Originalserie agesaat huet, während d’Flott an d’Sonn flitt. Déi Szen hunn ech direkt nees zeréckgespullt an nach eng Kéier gekuckt. :)
Jo, déi war net schlecht. Och wéi den Adama nach eng läscht Ronn a séngem Viper ronderem d’Galactica gemaat huet. U séch waren ët eng gudd 5 Joer.
Jo, et war eng schéin Zäit. Dat eenzegt wat mech an deenen Joëren genervt huet war, dass eng Rei Kritiker d’Serie emmer erem geluewt hunn well se déi Kamerafahrt am Weltall soll erfonnt hunn, bei där d’Raumschëffer oft net direkt am Fokus waren (dat huet den Joss Whedon scho viru Joeren fir Firefly erfonnt gehat). An d’Präsidentin ass mer uerg op de Kichelchen gaangen. Mee si ass jo gottseidank ofgekraazt (wéi sech an der Final erausgestallt huet, dass se Racherin war, hat ech och emol kee Matleed méi mat hir wéinst dem Kriibs).
Soit. Ech hoffen, Caprica kënnt un BSG erun. :)
Dofir ass jo deen coolsten Typ vun der ganzer Serie Präsident ginn. Iwert deen missten se een Spinoff maachen! “Boston Legal” in Space!