Ech hun grad d’Videoen vun engem Konschtprojet vun engem Frënd gekuckt, wou eng Rei Kolleegen an Proffen vu mer ee Gedicht virgelies hun. Bis op zwee vun hinnen, déi ech komplett aus den Aan verluer hun, hun ech se an deene leschte Joeren méi oder manner sporadesch gesin. De Proffen sin ech heiansdo emol nach begéint wann ech Kolleegen besiche war, an menger Engleschproff hun ech souwisou firun e puer Wochen versprach, ech géing eng Kéier laanscht kommen zielen, wéi et mer hei sou gefällt.
Während een am Lycée ass, wënscht een sech sou oft, dass d’Schoul endlech eriwwer ass. Mee wësst der wat? Ech géing erëm zeréckgoen, an alles nach eng Kéier maachen. An zimmlech genau d’selwecht.
Ech si net erëm wahnsinneg nostalgesch, mee ech hu realiséiert, dass ech a knapps anerhallwëm Mount all meng nei Kolleegen bis den Oktober net méi gesin. Well dann sin d’Coursen eriwwer, an bis op eng Hand voll Leit kennen ech keen an deem Cours, wou ech Examen hun. Dat war et also eigentlech scho bal erëm mam éischte Joer Uni. Wann ech bedenken, dass ech absolut keng Ahnung hun wat ech no deenen dräi Joer soll maachen, mécht dat mer wahnsinneg Angscht.