Habemus tracta

E Méindeg souz ech einfach mol e puer Stonnen am Café an hunn ee Buch gelies, dat ech mer d’lescht Joer zu Köln kaf hat, dovunner direkt 150 Säiten am Zuch gelies hunn, an dunn ni fäerdeg gelies hunn. Ech sinn nach net ganz duerch. Vläicht gëtt et d’nächste Sonndeg eng Kritik.

E puer Deeg dës Woch hunn ech mech mat enger Erkältung geplot, déi schlëmm genuch war dass ech mech ni fir laang Dauer op d’Aarbecht konzentréiere konnt, awer och net schlëmm genuch, dass ech mech hätt wëllen an d’Bett leeën. Domadder war d’Mëtt vun der Woch awer trotzdeem iergendwéi verluer. Nujee.

E Freideg ware mer op de Vernissage fir eng Ausstellung mat engem Bild vum Jenna. Et waren eng ganz Rei Saachen dobäi, déi ech wierklech mega fonnt hunn. Dono ware mer japanesch Paangecher iesse. Ech hat där bis elo nach ni, mä dat war definitiv net déi leschte Kéier! Lecker.

De Wochemaart ass vun de Stänn hier momentan e bësse méi roueg, well vill Leit an d’Vakanz sinn. De Kaffi war dofir dës Woch vun engem Aneren, dofir och vill méi staark… a méi bëlleg (ech weess guer net méi, wéini ech fir d’Lescht manner wéi £3 fir eng Taass bezuelt hunn). Mir schmaacht den normale Kaffi awer besser.

An um Sonndeg ware mer fir de Gebuertsdag vun engem Kolleg an ee klenge Café, Let Them See Cake , deen enorm gutt Kuch, Macaronen a French Toast mécht. En huet och dës Kéier net enttäuscht an et war e flotten Mëtteg a klenger awer feiner Ronn.

An jo, sorry fir deen Instagram Link. Déi App hunn ech iwwregens haut endlech och vum Handy geläscht. Eng Reklamm vu Meta selwer, dass ech sollt w.e.g. mat hiere KI Konten chatten, huet d’Faass schlussendlech zum Iwwerlafe bruecht. Ech weess och net, ob ech meng Blogposten do nach soll weider annoncéieren, also abonéiert iech am Beschten iwwert de gudden alen RSS (vläit riichten ech och nach een anstännegen Newsletter an – géing dat iergendeen interesséieren?).

Kino

Fantastic Four war ech, wéi geplangt, e Méindeg effektiv kucken. En huet mer gutt gefall , virun allem well een net eng Tonn aner Saache vu Marvel muss gesinn hunn. Dofir huet et mech och um Schluss e bësse genervt, dass den nächste Film mat hinnen dann awer nees wäert en Avengers Film sinn, fir deen ech mech guer net interesséieren.

Heads of State , dee viru kuerzem bei Amazon Prime rauskoum, kënnt der iech och roueg ukucken, virun allem wann et iech no engem topegen Action Film ass. Do kënnen se och gären souvill Fortsetzungen dréien, bis se dem Fast & Furious Franchise Konkurrenz maachen.

Podcasten

Dem Joël seng Recherche iwwert d’Éiwegkeetschemikalien zu Lëtzebuerg ass elo ganz publizéiert, an si ass wierklech derwäert (d’Serie fänkt hei un). Am Bistro mat der Woxx huet en nach eng Kéier gutt zesummegefaasst, wat dat alles op sech huet a wat fir Froen nach oppe bleiwen.

Am Zeenewiessel, de Podcast vum 100,7 deen ech jo schonn eng Kéier erwäänt hat, hunn se eng Reportage vun 2022 nach eng Kéier frësch publizéiert, déi ech deemools komplett verpasst hat an déi awer elo nach vill méi aktuell ass wéi virun dräi Joer. Et geet nämlech ëm d’Alphabétiséierung an de Schoulen. Ech ginn zou, ech wousst net sou wierklech wat ech vun där Ännerung sollt halen, wat och einfach dru louch dass ech mech halt net wierklech mam Thema auserneen gesat hat. No dësem Podcast erschéngt mer dat awer virun allem eng positiv Ännerung ze sinn, déi fir 2026 geplangt ass.

OK, genuch därs Seriöem. Wann et iech no eppes méi ënnerhalsamen ass, empfeelen ech Write Me Dirty, e Podcast an deem Komiker*innen sech géigesäiteg schlecht Erotika schreiwen. An der éischter Folleg sinn dat d’Stevie Martin an d’Fatiha El-Ghorri, déi spéitstens säit der leschter Staffel Taskmaster bekannt sinn.

Linken

Substack huet des Woch de Leit tatsächlech ee faschisteschen Newsletter proposéiert. Dass dat soll een Accident gewiescht sinn, gleewen ech net sou wierklech, well se schonn zanter Joren lauter Nazien op hirer Plattform hunn.

Ech weess mëttlerweil och schonn net méi, ob ech all dee Bordell ëm KI soll witzeg, nerveg, frustréirend oder depriméierend fannen. Vläicht alles dovunner op eemol. Ech si jiddefalls frou, dass ech ni am Liewen op de Gedanke komm wier, ChatGPT privat Geschier z’erzielen, well dat lant alles bei Google.

Eppes ganz aneschters, mä wierklech cool: mir wëssen endlech, wéi Hënn drénken. Si maachen eben net, wéi laang gemengt gouf, eng Schëpp mat der Zong an zéien domatt d’Waasser an de Mond. Gidd deene Fuerscher een Nobelpräis an der Physik.

Nach vill méi cool: mir hunn elo eng Impfung géint HIV, déi zu 100% effektiv ass. Gilead, déi d’Impfung entwéckelt hunn, verkafen se at-cost, also si maache kee Profit domatt. 👏🏼

Habemus tracta = Mir hu Kuch

Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

ThierryHeles.com