Aus dem Liewen
-
dConstruct 2010
Ech hunn een Ticket erwëscht fir d’desjähreg dConstruct Konferenz zu Brighton. Mat ënner anerem dem John Gruber an dem groussartege Merlin Mann als Spriecher. Op de Mann freeën ech mech ganz besonnesch, ech bewonneren net vill Leit méi wéi hien. Woohoo!
-
R.
Ech trëppelen déi Strooss nach ëmmer erop, an enger Erënnerung, an enger Endlosschläif. Et ass net Doheem, mä et ass no genuch – nach eng Meil an ech sinn do – do hannen, den Bierg hallef erop. Wéivill Heemechten huet dës Plaz – den TARDIS, em den Eck laanscht deen ech grad gaange sinn, an
-
Fort – Episod XIV
London. Zur Ofwiesslung mol nees eng Kéier. Mir gesinn eis en Dënnschdeg.
-
Venezia sta sprofondando
A mengem Kapp schalen Dofter a Geräischer, Goûten, Gefiller. Ech gesinn d’Matthew Street, d’Tate, den Albert Dock. Do war ech emol. Et si Fotoen vun enger fréierer Liebhaberin déi ech mer ukucken, Melancholie a Freed iwwerkomme mech. Do war ech emol – fir e puer Deeg. Et waren schlecht Deeg, déi mech dohi gefouert haten.
-
Penarth
Penarth ass e relativ deiert a schéint Duerf, dat just ausserhalb vu Cardiff läit, direkt um Mier, an zur Cardiff urban area zielt. Vu Penarth aus huet een eng impressionant Vue, et erkennt ee bei kloerem Wieder England, et gesäit ee Flat Holm Island (et ass déi mam Liichttuerm) déi eng zwou Stonne vu Cardiff
-
Taff Trail
Den Taff Trail, oder Taith Taf op wallisesch, ass ee Wanderwee vun knapp 90 Kilometer, deen vu Cardiff Bay duerch Südwales bis op Brecon a Mid-Wales féiert. De Numm kënnt dohier, dass de Wee gréisstendeels laanscht de Floss Taff féiert. Hei si Fotoe vum Gelli-Hirion Ystad bis Tongwynlais. Muenchmol féiert de Wee och Bierger erop,
-
Fort – Episod XIII
Ech maachen mech fir e puer Deeg ewech. Mer gi Bourbon a Whisky drénken, a Camden onsécher maachen. Bis d’nächst Woch.
-
Fort – Episod XII
Ech sinn dann zur Ofwiesslung emol erëm eng Kéier an England. Op Bristol dës Kéier, do war ech ëmmerhin nach ni. Mech bei der BBC aschläimen.
-
Cardiff at Night
Eng fortlafend Serie vum Maciej Dakowicz iwwer d’Nuetsliewen zu Cardiff, mat mol schéinen, mol manner schéinen Impressiounen. Impressionant an éierlech sinn seng Biller e Bléck op eng Stad déi een trotz – oder villäicht och grad wéinst – senge krasse Géigesätz einfach muss gären hunn.
-
Cardiff Bay Barrage
Wat mech un där Stad hei esou faszinéiert ass de Fait, dass ech och no véier Joer nach ëmmer net alles gesinn hunn. De Stau, deen de Cardiffer Hafe kreéiert, ass eng vun deene Plazen déi ech schon ëmmer wollt gesinn, awer ni erausfonnt hunn wéi ech dohinner kommen. Well ech spontan Spadséiergäng onheemlech gären
-
Cwm Rhondda
Andréck vun enger spontaner Wanderung duerch d’südlecht Enn vun de Rhondda Valleys (“kum ronnða”): Pontypridd, Trehafod, Llwyncelyn a Porth.
-
Liverpool, I Love You
Vun all de Plazen a Stied wou ech dëse Mount war, vermëssen ech Liverpool bei wäitem am Meeschten. Et huet sech ugefilt ewéi meng Stad: ech sinn aus der Gare komm an ech wousst direkt, dass ech mech do géing wuelfillen. Ech sinn duerch d’Stroosse getrëppelt an ech hu mech richteg gefreet do ze sinn,
-
Fort – Episod XI
Wann der dat heite liest, sinn ech schon ennerwee Richtung Flughafen a verschwannen zur Ofwiesslung mol erem eng Woch vun der Bildfläch. Loosst d’Kierch am Duerf.
-
Seufz
Ech weess, ech hat Inhalt versprach, mä et ass mer einfach net dono all déi Texter ofzetippen a meng Andréck nidderzeschreiwen. Ech wéinscht ech wier nach do uewen, zu St Andrews, oder soss enzwousch op der Rees. Meng Gedanke si nach ënnerwee mä mäi Kierper ass schon ërem heiheem, an dat Gefill ass déck mies.
-
2231,83 Kilometer
Déi Distanz hunn ech zeréckgeluecht op menger Rees an de Norden. Dovunner sinn ech der emmerhin ronn 133 Kilometer zu Fouss gaangen an hunn ongeféier 2099 Kilometer mam Zuch respektiv mam Auto zeréckgeluecht. Besicht: Manchester, Liverpool, Edinburgh, Queensferry, St Andrews, Dundee, Montrose an de Loch Leven (op deem d’Mary Queen of Scots am Prisong souz).
-
Fort – Episod X
Wann der dat heite liest, sinn ech schon um Wee Richtung Norden. Déi nächst Zäit wert et hei roueg bleiwen, mä mat e bësse Chance kommen ech mat villen Andréck erem déi ech blogge kann. Ech sinn nëmmen per SMS z’ereechen an ech wert déi och héchstens eemol am Dag kucken. Bis demnächst!
-
Sad Autumn: elo nach vill méi besser gutt!
Et dierft opfalen, dass ech dem Blog erem ee neien Design spendéiert hunn. Mir huet dat Bild am Header amfong vun Ufank un net wierklech gepasst, mä ech war ze faul vir mer eppes afalen ze loossen dat mer besser gefält. Ganz ofgesinn vum neien Design huet sech awer och hannert de Kulisse vill geännert:
-
Philip Gross
Mäi fréiere Proff Philip Gross huet gëschter Owend zu London dee wichtegste britesche Präis fir Poesie gewonnen, den TS Eliot Prize. Absolut verdéngt, ewéi ech fannen. An elo kann ech och ganz onverschämt behaapten, ech hätt meng poetesch Fähegkeeten joerelaang ënnert engem vun de beschten Dichter weiderentwéckelt.
-
E puer ofschléissend Gedanken zu Social Networking
Ech benotzen den Zuckerberg bekanntlech net méi als Bréifdréier well deen meng Bréiwer kopéiert an déi onendlech laang selwer hällt an och soss d’Inkarnatioun vum Däiwel ass, an ech fillen mech – e bëssen huet et mech trotzdem selwer iwwerascht – esou konnektéiert ewéi scho laang net méi. Ech hunn d’lescht Nuecht siwe Stonnen mam
-
Zuckerberg is evil
Vun haut un sinn ech net méi op Facebook ze fannen. De Site huet mech schon laang genervt, an ech hunn och ni de Sënn dovunner agesinn – et ass just alt erem eng weider Méiglechkeet mat deenen Leit ze kommunizéieren, déi souwisou schon meng Handynummer, meng Emailadress, mäin MSN a mäi Skype hunn. Amfong
-
Silvester
Dëst Joer gett an enger anerer Stad gefeiert. Et war jo wierklech null lass an der Stad. Eidel Stroossen, eidel Caféen, an de Chrëschtmaart – vun deem et jo sou glorräich geheescht huet en hätt fräi Nuecht – war och komplett zou (okay, d’Luuchten hu nach gebrannt, dat heescht zu Lëtzebuerg wahrscheinlech fräi Nuecht). A
-
Mist covers the hilltops outside my window
Et ass roueg hei, ech weess. Dat läit engersäits dorunner, dass ech mat aneren Projeten beschäftegt sinn, anerersäits hunn ech einfach keng Loscht ze bloggen. Ech liesen momentan vill a wann ech schreiwen, schreiwen ech op gudden alen Pobeier. Villläicht tippen ech dat iergendwann alles of. Villäicht.
-
Fort – Episod IX
Selwecht Land, aner Valleys. An d’Stad vun de Catapults. (Boah, eng Harry Potter Referenz!)
-
D’Zukunft ass net 3D
De Peter Pachal vun Dvice hëllt déi nei Telé vun Toshiba ënnert d’Lup an seet dat wat ech denken, zanter ech vun 3D Televisiounen héieren hunn, déi, wann et Hollywood no geet, d’nächst Joer sollen esou ee grousse Boom ginn. 3D ass Schrott. 3D war schäiss mat de roud-grénge Brëller, an 3D ass schäiss mat
-
Fort – Episod VIII
Ech sinn dann emol e puer Deeg op Birmingham. Bei hien do.
-
Stëmmungslag
Et leeft den Album Insides vum Jon Hopkins. Den Handy vibréiert all puer Minutten. An ech sinn an enger richteger Seufz-Stëmmung. D’Liewen kann esou schéin sinn. An ech freen mech op den Owend ewéi ech mech schon laang net méi op eppes gefreet hunn. Hach… Jon Hopkins – Light through the veins