ThierryHeles.com ass e private Blog, kee Betrib, an et gëtt kee Geld direkt vun dëser Websäit generéiert. Är Donnéeën ginn net fir Marketing benotzt.
D’Websäit gëtt op Serveren an Däitschland gespäichert an d’Visiteurszuelen ginn ouni d’Benotzung vu Cookien an anonymiséiert mat enger lokaler Instanz vu Koko Analytics verfollegt.
Droits d’auteur
All originell Inhalter sinn d’Droits d’Auteur © 2005-2025 vum Thierry Heles (am weidere Sënn Auteur an/oder Webmaster). All Rechter reservéiert.
All originell Wierker, déi op dëser Websäit publizéiert ginn, sinn duerch d’Berner Konventioun fir de Schutz vu literareschen a kënschtleresche Wierker geschützt. Dir däerft nëmmen Inhalter zitéieren, wann Äre Post iwwer dat betreffend Wierk geet an e Link op dee jeeweilegen Artikel op dëser Säit enthält.
All aner Kopien, Reproduktiounen, Verëffentlechungen (Drock, Web oder all aner Medium), Ännerungen oder P2P-Deele sinn net erlaabt ouni schrëftlech virausgoend Zoustëmmung vum Auteur. Den Auteur kann d’Erlabnes ouni Begrënnung refuséieren.
De Scraping vun dëser Websäit, besonnesch fir den Training vun all KI Knascht, ass explizit verbueden an et gëtt keng Erlabnes dofir jee accordéiert.
Aner Lizenzen
Sollt en originellt Wierk vum Auteur ënner enger anerer Lizenz wéi Creative Commons oder Copyleft publizéiert ginn, gëtt dëst nieft deem jeeweilege Wierk uginn.
An allen anere Fäll gëllen d’Droits d’Auteur wéi uewe beschriwwen.
Linken a Kommentaren
De Webmaster kann net fir Inhalter verantwortlech gemaach ginn, op déi vun dëser Säit verlinkt gëtt, an och net fir den Inhalt vu Säiten, déi op ThierryHeles.com verlinken.
Hie kann och net fir den Inhalt vu Kommentare verantwortlech gemaach ginn, déi net vun him selwer geschriwwe goufen, awer hie behält sech d’Recht vir, sou Kommentaren ze läschen, wa se rassistesch, xenophob, homophob oder Ausdréck an Material enthalen, déi als beleidegend oder illegal ugesi kënne ginn.
D’Kommentare bleiwe just 180 Deeg no der Verëffentlechung op.
Ännerungen
Dësen Text kann zu all Moment an ouni Préavis geännert ginn, an et ass Är Verantwortung, reegelméisseg ze kontrolléieren, ob Ännerunge geschitt sinn.
Nullifikatioun
Den Auteur wunnt am Vereenegte Kinnekräich. Wann ee vun den uewe genannten net mam aktuelle brittesche Gesetz kompatibel ass, gëtt en duerch eng nei Klausel ersat, déi dat net ass. Wann dëst net méiglech ass, ersetzt d’Gesetz einfach den Artikel a Fro. Dëst beaflosst d’Gëltegkeet vum Rescht vun dëser Notifikatioun net.