Blog
-
Venezia sta sprofondando
A mengem Kapp schalen Dofter a Geräischer, Goûten, Gefiller. Ech gesinn d’Matthew Street, d’Tate, den Albert Dock. Do war ech emol. Et si Fotoen vun enger fréierer Liebhaberin déi ech mer ukucken, Melancholie a Freed iwwerkomme mech. Do war ech emol – fir e puer Deeg. Et waren schlecht Deeg, déi mech dohi gefouert haten.
-
Penarth
Penarth ass e relativ deiert a schéint Duerf, dat just ausserhalb vu Cardiff läit, direkt um Mier, an zur Cardiff urban area zielt. Vu Penarth aus huet een eng impressionant Vue, et erkennt ee bei kloerem Wieder England, et gesäit ee Flat Holm Island (et ass déi mam Liichttuerm) déi eng zwou Stonne vu Cardiff
-
The Wonder Years
And there it was: that smile, that magic, the whole day ahead of us. You could sense big things were gonna happen.
-
Luther
Eis nei Lieblingsserie op BBC One. Psychological Crime Thriller mam Idris Elba (The Wire) als DCI John Luther, dem Ruth Wilson (The Prisoner) als seng héich intelligent awer total pervertéiert an emotiounslos Nemesis Alice Morgan, an dem Indira Varma (Torchwood) als seng (Ex) Fra Zoe Luther. Dräi Episode vun der éischter Staffel si scho gelaf,
-
It’s A Wonderful Afterlife
De neie Film vum Gurinder Chadha (Bend It Like Beckham) ass haut ugelaf: It’s A Wonderful Afterlife. D’Geschicht ass séier erzielt: d’Mrs Sethi (Shabana Azm) ass eng verzweifelt Mamm, déi hiert Meedchen Roopi (Goldy Notay) endlech wëll bestued gesinn an alleguerten déi Leit ermord, déi hier Duechter net wëllen verkuppelen (an duerch eng Rei absurd
-
Taff Trail
Den Taff Trail, oder Taith Taf op wallisesch, ass ee Wanderwee vun knapp 90 Kilometer, deen vu Cardiff Bay duerch Südwales bis op Brecon a Mid-Wales féiert. De Numm kënnt dohier, dass de Wee gréisstendeels laanscht de Floss Taff féiert. Hei si Fotoe vum Gelli-Hirion Ystad bis Tongwynlais. Muenchmol féiert de Wee och Bierger erop,
-
Fort – Episod XIII
Ech maachen mech fir e puer Deeg ewech. Mer gi Bourbon a Whisky drénken, a Camden onsécher maachen. Bis d’nächst Woch.
-
Friends.se
Eng ganz Rei gutt gemaachte Spots vun der schwedescher Kampagn Friends.se géint Mobbing. Besonnesch inspiréiert fannen ech de Spot géint d’Virurteeler géigeniwwer Routhäregen – mir war guer net bewosst, dass dat och a Schweden e Problem ass, ech duercht dat wier virun allem e briteschen Brennpunkt – an deen iwwert online Mobbing. Am meeschten awer
-
Kick-Ass
Putain, wat ee gäile Film! Iwwerdriwwen, total absurd Gewaltszenen. Ee schwulen Aaron Johnson, deen dann awer herno dierf e Meedchen rammelen ewéi verréckt. Een 12-jähregt, dat “cunt” seet a Leit mat engem Butterflymesser den Hals opschlitzt. E Papp deen sengem Kand verbidd Hausaufgaben ze maachen ier e puer Leit zermetzelt goufen. E Film deen sou
-
Fort – Episod XII
Ech sinn dann zur Ofwiesslung emol erëm eng Kéier an England. Op Bristol dës Kéier, do war ech ëmmerhin nach ni. Mech bei der BBC aschläimen.
-
Cardiff at Night
Eng fortlafend Serie vum Maciej Dakowicz iwwer d’Nuetsliewen zu Cardiff, mat mol schéinen, mol manner schéinen Impressiounen. Impressionant an éierlech sinn seng Biller e Bléck op eng Stad déi een trotz – oder villäicht och grad wéinst – senge krasse Géigesätz einfach muss gären hunn.
-
Cardiff Bay Barrage
Wat mech un där Stad hei esou faszinéiert ass de Fait, dass ech och no véier Joer nach ëmmer net alles gesinn hunn. De Stau, deen de Cardiffer Hafe kreéiert, ass eng vun deene Plazen déi ech schon ëmmer wollt gesinn, awer ni erausfonnt hunn wéi ech dohinner kommen. Well ech spontan Spadséiergäng onheemlech gären
-
Crazy Heart
De Bad Blake, gespillt vum Jeff Bridges, dee fir déi Roll fir en Oscar als beschte Schauspiller nominéiert ass, ass en ale Countrysänger, deen duerch d’Land zidd an kleng Concerte spillt. En huet zanter Joeren kee Lidd méi geschriwwen, lieft vum Whisky an Zigaretten, an ass rosen op säi fréiere Frënd Tommy, gespillt vum Colin
-
Cwm Rhondda
Andréck vun enger spontaner Wanderung duerch d’südlecht Enn vun de Rhondda Valleys (“kum ronnða”): Pontypridd, Trehafod, Llwyncelyn a Porth.
-
D’Reklamm vum Joer
Dat heiten ass ee Spot fir den ePad. Dat heiten ass ee Spot fir de britesche Fernsehsender E4 – eng genial Parodie op den iPad. Ech louch um Buedem vu Laachen ewéi ech déi virdrun op der Telé gesinn hunn.
-
The Lovely Bones
Liest d’Buch. Éischtens ass d’Geschicht besser – well komplett anescht – zweetens huet et keen esou bombastesch previsibel Peter Jackson-esque Schluss. Leit, déi d’LotR Trilogie kenne wëssen, wat de Peter Jackson upéckt, trieft dono nëmmen esou vu Pathos. An dat ass och hei erëm de Fall – et kënnt een sech bal fir ewéi wann
-
Liverpool, I Love You
Vun all de Plazen a Stied wou ech dëse Mount war, vermëssen ech Liverpool bei wäitem am Meeschten. Et huet sech ugefilt ewéi meng Stad: ech sinn aus der Gare komm an ech wousst direkt, dass ech mech do géing wuelfillen. Ech sinn duerch d’Stroosse getrëppelt an ech hu mech richteg gefreet do ze sinn,
-
Craig Ferguson a Stephen Fry: Eng Diskussioun
De geniale schottesch-amerikanesche Comedian, Schrëftsteller, Dréibuchauteur (zidd iech emol Saving Grace eran, dee Film knallt wuertwiertlech), Schauspiller a Moderator Craig Ferguson, deen dem treie Lieser an der treier Lieserin net onbekannt ass, huet dës Woch d’Konzept vu senger Late Late Show fir eng Episod geännert, an ouni Publikum mam nach vill méi geniale Polymath Stephen
-
Fort – Episod XI
Wann der dat heite liest, sinn ech schon ennerwee Richtung Flughafen a verschwannen zur Ofwiesslung mol erem eng Woch vun der Bildfläch. Loosst d’Kierch am Duerf.
-
Seufz
Ech weess, ech hat Inhalt versprach, mä et ass mer einfach net dono all déi Texter ofzetippen a meng Andréck nidderzeschreiwen. Ech wéinscht ech wier nach do uewen, zu St Andrews, oder soss enzwousch op der Rees. Meng Gedanke si nach ënnerwee mä mäi Kierper ass schon ërem heiheem, an dat Gefill ass déck mies.
-
2231,83 Kilometer
Déi Distanz hunn ech zeréckgeluecht op menger Rees an de Norden. Dovunner sinn ech der emmerhin ronn 133 Kilometer zu Fouss gaangen an hunn ongeféier 2099 Kilometer mam Zuch respektiv mam Auto zeréckgeluecht. Besicht: Manchester, Liverpool, Edinburgh, Queensferry, St Andrews, Dundee, Montrose an de Loch Leven (op deem d’Mary Queen of Scots am Prisong souz).
-
Fort – Episod X
Wann der dat heite liest, sinn ech schon um Wee Richtung Norden. Déi nächst Zäit wert et hei roueg bleiwen, mä mat e bësse Chance kommen ech mat villen Andréck erem déi ech blogge kann. Ech sinn nëmmen per SMS z’ereechen an ech wert déi och héchstens eemol am Dag kucken. Bis demnächst!
-
Sad Autumn: elo nach vill méi besser gutt!
Et dierft opfalen, dass ech dem Blog erem ee neien Design spendéiert hunn. Mir huet dat Bild am Header amfong vun Ufank un net wierklech gepasst, mä ech war ze faul vir mer eppes afalen ze loossen dat mer besser gefält. Ganz ofgesinn vum neien Design huet sech awer och hannert de Kulisse vill geännert:
-
Oggy Oggy Oggy! Great… Lovely… And I’m afraid the police would like to interview you all.
Ech weess net, wat ech vun der neier Staffel soll halen. Si gesäit definitiv besser aus ewéi déi läscht – wat éierlech gesot net schwéier war, mä mech trotzdem e bëssen hoffe léisst. Wat ech vum Selbstmord hale soll, weess ech net. Ech waarden emol of, wat dat elo fir Auswierkungen op de Status Quo
-
Ech freeë mech op en Donneschdeg
An E4 schéngt net nemmen op der Telé kräfteg Reklamm ze maachen (gëtt et eigentlech iergendeen hei am Land, deen nach keen Trailer gesinn huet?), mä och am iTunes d’Leit schon am Viraus mat engem HD Series Pass ze lackelen (zu, wéi ech fannen, engem ganz raisonable Präiss vun £18.99).
-
Philip Gross
Mäi fréiere Proff Philip Gross huet gëschter Owend zu London dee wichtegste britesche Präis fir Poesie gewonnen, den TS Eliot Prize. Absolut verdéngt, ewéi ech fannen. An elo kann ech och ganz onverschämt behaapten, ech hätt meng poetesch Fähegkeeten joerelaang ënnert engem vun de beschten Dichter weiderentwéckelt.