Blog


  • Kuerzkritiken, oder sou (9)

    Friends with Benefits — Zwee Frënn, gespillt vum Justin Timberlake an dem d’Mila Kunis, hunn es genuch mat Bezéiungsstress, mä wëllen net op Sex verzichten. Also décidéieren se kuerzerhand mateneen ze schlofen, an sech ze schwieren sech net aneneen ze verléiwen. Dat geet eng Zäit laang gutt, féiert dann awer zum prévisiblen Resultat, dass déi

    Liesen »


  • Eng Säit am Geschichtsbuch

    Et schwätzt jiddereen dovunner, wat virun zéng Joer geschitt ass an wou een selwer deemools war. Dat ass verständlech, mä wat mir duerch de Kapp geet ass d’Géigewaart. Et ass zéng Joer hir, an domatter gëtt et eng ganz Generatioun dobaussen, déi entweder nach net gebuer waren oder ze jonk sinn fir sech z’erënneren (esou

    Liesen »


  • Dystopia

    Bei Crack Two gëtt et eng phenomenal Fotoserie mat Monumenter verspreet duerch dat fréiert Yoguslawien, déi emol eng Kéier den 2. Weltkrich commemoréiert hunn, an haut esou ausgesinn ewéi wann se direkt aus enger dystopescher Zukunft géinge kommen.

    Liesen »


  • Summer Playlist

    D’YouTube Playlist gëtt et hei. Ingrid Michaelson – EverybodyOwl City – Honey and the BeeThe Audreys – Troubles SomehowThe Airborne Toxic Event – Does This Mean You’re Moving On?Nephew – Va FangoolThe Voluntary Butler Scheme – MultiplayerMadeleine Peyroux – Don’t Pick A Fight With A PoetBright Eyes – First Day Of My LifeBeirut – Postcards

    Liesen »


  • In Time

    Endlech ee Film deen no sou richteg guddem Cyberpunk ausgesäit. An dee Cast! Ech hunn mech schon fierchterlech laang net méi esou riseg op ee Film gefreet.

    Liesen »


  • Mir spillen Tourist.

    Dass hei am Moment esou wéineg lass ass läit engersäits dorunner, datt ech u menger Masteraarbecht schreiwen an anerersäits dorunner, datt ech d’Wieder genéissen. Déi lescht puer Deeg hunn ech mam M. Tourist gespillt, well et zu London anscheinend och soll schéin Ecker ginn. Dofir hei e puer Andréck vun eisem verlängerte Weekend.

    Liesen »


  • Down Under

    Dat verdammte Fernwéi ass dem Verléiwtsinn esou ähnlech, dass ech zanter Wochen moies ëmmer erwäschen an e Moment brauch ier ech réaliséieren, dass ech eigentlech guer keng Persoun nierwt mer vermëssen mä futti gi vu Verlaangeren no engem Land an deem ech nach ni war. An ech weess net, wéi eent vun deenen zwee Gefiller

    Liesen »


  • He’s back!

    E megalomanesche Märder, Prostitutioun, an en DCI Luther deen dem Alice beim Ausbriechen hëlleft. Wat ee Staffeloptakt!

    Liesen »


  • It’s Kind Of A Funny Story

    Wat fir ee wonnerbaren Film! A wat eng positiv Iwweraschung, dass den Zach Galifianakis eng serieux Roll spille kann. Aus wat fir engem Grond och ëmmer, ass den Trailer esou geschnidden dass de Film ausgesäit ewéi eng Komödie…

    Liesen »


  • Slowly, the Light Comes

    Ëmmer wann ech Lidder vum Ólafur Arnalds lauschteren, fillen ech mech onvirstellbar roueg. Well et ënnert iech eng ganz Rei Sigur Rós, Jónsi an generell Frënn vun islännescher Musék ginn, a well ech momentan einfach net d’Zäit hunn vill ze schreiwen, ass et wuel un der Zäit iech ee vum Arnalds senge schéinste Musékvideoen virzestellen:

    Liesen »


  • These People

    I’m running around State Circle with a blindfold and feel the moonlight pervading the world around me. 10,684 miles away from where it began, occurred, ended and I remember the life inside of me when I knocked on her door for the first time. Punks at heart like us we don’t belong, with our hearts

    Liesen »


  • Fort – Episod XX

    Well ech dëse Mount dank Essaien esou vill Zäit hat fir ze bloggen, ass et déi nächst puer Deeg emol roueg hei während ech nees op Cardiff ginn. Dir kennt d’Prozedur.

    Liesen »


  • Schwedesch Musék ass a bleiwt déi Wonnerbaarsten iwwerhaapt.

    Déi éischt Single vun It’s A Bird! It’s A Plane! vun deem Debutalbum op deen ech mech momentan am Meeschte freeën.

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou (8)

    Thor. Haut ugelaf, war ech de Moien direkt an déi éischte Virstellung. Ech war bis elo nach ni um 11 Auer am Kino. Gekuckt hunn ech en an glorräichem 2D, well e gottseidank och als solche gelaf ass, an wat soll ech soen… de Film huet mech och an zwou Dimensiounen an seng Welt eragezunn.

    Liesen »


  • Blend

    Dem Franck Tabouring säi Kuerzfilm Blend ass endlech fäerdeg. De Film ass nach net fräi fir de grousse Public, mä als ee vun de Leit an de Special Thanks konnt ech en de Moien scho kucken. De Film gëtt och grad u Festivaler geschéckt an demnächst op DVD gepresst. Dat soll mech awer net dovunner

    Liesen »


  • I live by the river

    D’Wierder ass momentan hei richteg schéin – Summerwierder kéint een dat scho nennen. Bloen Himmel bei 24 Grad, wat wëll ee méi. Well et sech bei sou engem Wierder blöd an der Wunneng sëtzt, sinn ech de Barge Walk erof bei den Hampton Court Palace getrëppelt (wou ech net eran war, well £13.20 mer zevill waren,

    Liesen »


  • Häerzeg

    Ech halen jo näischt dovunner, topeg YouTube Videoen an de Blog ze setzen. Dofir gëtt et Twitter a Facebook. Mä dee Clip hei, deen ech haut beim Elisabetta gesinn hunn, vun enger Kaz déi een Delphin heemelt ass wierklech onvirstellbar léif, an dat kann ech iech net virenthalen a wann en elo net opeemol op

    Liesen »


  • Write Out Loud. Eng Pianocktail Kritik.

    Den Thorben vu Pianocktail huet eng ausféierlech Kritik iwwer Write Out Loud geschriwwen. Do stinn ënnert anerem esou cool Saachen ewéi: Den Thierry wor fir mech, an wahrscheinlech fir iech och, eng Enttäuschung. Dir all erwaard iech, dass ech elo den Thierry, als Deel vun eisem éiwegen Geplänkel, hei wäit a breed zerräissen. Mä ech

    Liesen »


  • Woohoo

    Leit, déi Daps 2010 gelies hunn, wëssen, dass et an deem Buch eng Geschicht gouf iwwer den lëtzebuergeschen Diktator Thierry, dee Krich mat de laangbärtege Belsch hat, well een Kand en Apel vun engem lëtzebuergeschen Apelbam giess hat an den Thierry dem Kand de Kapp ofgeschloen huet. Thierry, the Terrible huet déi Geschicht geheescht. Aus

    Liesen »


  • 25

    Ech hunn déi beschte Frënn vun der Welt. Souer ewéi de Cyrille zum Beispill, deen ee wonnerbaren Artikel iwwer mech op senger Säit geschriwwen huet fir mäi Gebuertsdag. All déi Leit, déi mer gewënscht hu fir eng Zuel, déi mer ëmmer grouss virkoum an déi mer elo eigentlech guer net wichteg virkënnt. Meng Famill, déi

    Liesen »


  • Write Out Loud

    Et ass esouwäit! De Joshi Gottlieb, d’Claudine Muno, d’Laetitia Kaiser, d’Sarah Pepin, d’Vanessa Wujanz, de Jacques Schiltz, de Joël Adami, an ech hunn d’leschte Summer eng CD mat eegenen Texter opgeholl, déi elo vun Op der Lay verëffentlecht gouf. Si huet ee wierklech schéine Cover, an d’CD selwer gesäit aus wéi eng kleng Schallplack. Et

    Liesen »


  • “Alles esou, ewéi s du der et wënschs”

    Стиляги ass ee russesche Film vun 2008, dee mech méi iwwerascht huet ewéi esou zimlech alles, dat ech a leschter Zäit gesinn hunn. Стиляги ass déi kyrillesch Schrëftweis fir Stilyagi, an d’Stilyagi waren eng Subkultur an der Sovietunioun déi et vun de spéiden 1940er bis Ufank den 1960er gouf. Eng Subkultur, déi géint alles stoung,

    Liesen »


  • Ee Gesicht. Dräi Helden aus menger Kandheet.

    Wien weess, wat fir eng dräi Charakteren et sinn, gewënnt eng Spullmaschinn.* * net wierklech

    Liesen »


  • Gedibbers

    Mir sinn erëm do. Jo, wierklech!

    Liesen »


  • Dead Island

    Ech si kee Gamer. Dat ass kee Geheimnis. Ausser mech muenchmol mat e puer Kollegen z’ameséieren un eiser Ënnerwaasserstad a Minecraft ze bauen, spillen ech net wierklech. L4D2 hunn ech eng Kéier een Owend gespillt, mä dat verstëbst zanterhier op menger Festplak. Soit. Ech kommen net ëmhin, dësen Trailer fir Dead Island ze weisen, well

    Liesen »

ThierryHeles.com