Blog
-
Epic Tea Time with Alan Rickman
Wann den Alan Rickman Téi mécht, mécht en dat op eng grandios Art a Weis – an extremer Zäitlupp (fir d’Nerds: et sinn 750fps bis 1000fps). Siwe Minutte laang, an all Sekonn ass derwäert.
-
Kuerzkritiken, oder sou (13)
Skyfall. Nodeems de leschte Bond mech iwwerhaapt net matgerappt hat (et ass bis dato den eenzege Film, bei deem ech aus Langweil am Kino agepennt sinn), war ech net onbedéngt presséiert fir mer dee Neien unzedoen. Dem Craig säi Bond gefält mer net, mä ech krut verséchert deen neie Film wier gutt. En ass net
-
Kuerzkritiken, oder sou (12)
Looper. Ech hat mer, op d’Traileren hin, net vill méi erwaard ewéi een Actionfilm mam Bruce Willis an dem Joseph Gordon-Levitt. Dat war mer Argument genuch, fir mech mat engem Eemer Popcorn dohinner ze setzen an mer e puer Gehierzellen ewech ze balleren. Wat ech um grousse Bildschierm ze gesinn krut, war eng positiv Iwweraschung:
-
Feed your mind
D’Entscheedung, eng nei Sprooch ze léieren koum aus engem traurege Moment eraus: ech hu schon ëmmer, wann ech um Buedem louch, komplett nei Saachen a mengem Liewen gebraucht, net onbedéngt fir mech direkt ofzelenken mä well et sech eben vill méi schwéier op negativ Gedanken konzentréieren léisst wann een et mat neien Informatiounen voll pucht.
-
Some Boys Don’t Leave
E wonnerbare Kuerzfilm mam Jesse Eisenberg, deen a siechzéng Minutten méi ausdréckt ewéi esou muenchen Hollywoodfilm an zwou Stonnen – an dat obwuel de Charakter déi ganzen Zäit um Buedem an engem Gank sëtzt.
-
Mir ënnerbriechen de reguläre Programm fir e puer Emfeelungen.
Well d’Loft hei nach ëmmer e bëssen eraus ass, an all meng Entwërf fir Artikelen oninspiréiert virun sech hindümpelen, an ech dëse Mount net vill op Twitter war wou ech soss d’Linken an d’Welt schleideren, hei e puer Artikelen déi et wierklech dowäert sinn gelies ze ginn. Zu Harvard leeft momentan bekanntlech ee risege Skandal
-
Kuerzkritiken, oder sou (11)
Total Recall. Eigentlech misst de Film “Total Lens Flare” heeschen, well d’Leinwand 90% vun der Zäit just mat deenen onvirstellbar nervegen bloe Strahlen ausgefëllt ass. Stroboskopesch Effekter ginn et der och genuch: den Optakt vum Film, deen ëmmerhin eng ganz Rëtsch Minutten dauert, besteet aus zwee Protagonisten déi probéieren ze flüchten, während et souvill wäiss
-
Kuerzkritiken, oder sou (10)
The Expendables 2. Vum éischten Deel war ech deemools net onendlech begeeschtert, well de Film ee grousse Cast versprach hat awer am Endeffekt bal jiddereen just e puer Minutten am Bild war. D’Fortsetzung huet mech wierklech positiv iwwerrascht. Ausser dem Jet Li kritt jiddereen vill Dialog an Action – esouguer den Chuck Norris an den
-
Boris Johnson’s Olympic Welcome
Dat hei ass wierklech äusserst brilliant zesumme geschnëppelt. (An héchstwahrscheinlech och dat Eenzegt, dat der hei um Blog wäert vun de Spiller liesen.)
-
It’s a Monday!
Wahrscheinlech dee groussaartegste YouTube Video, deen et gëtt. Et kribbelt mech sou an de Fanger, dat do selwer och eng Kéier ze maachen.
-
The Avengers
An engem Wuert: brilliant. Whedonesken Humor zitt sech duerch ee Film mat herrlechen Explosiounen, vun deenen de Michael Bay just dreeme kann. Deen neien Hulk schléit sech ee gutt Stéck besser wéi déi virëscht Inkarnatiounen, an iwwerhaapt ass dem Casting näischt virzewerfen (och wann eng Stëmm a mengem Kapp all Kéiers “Robin!” geruff huet, wann
-
Bei den Elteren am Keller sëtzen; oder: Qualitéitsjournalismus
Et gouf dëse Freideg een Artikel am Lëtzebuerger Land iwwer d’Blogger zu Lëtzebuerg – jiddefalls vill Leit, déi dat mol eng Kéier waren (de Georges ass et dofir direkt zweemol, awer dann eemol als “anonymen” Auteur vu Blogeescht – do muss wuel een der Madame nach erklären, wat eng About Säit ass, obwuel dee Link
-
Domatter wier meng zukünfteg Karriär gebongt.
I had a dream last night that me and @tnjh owned a hotel together. It was awesome. — Mark Chatterley (@Nufkin) March 13, 2012 @Nufkin Not knowing @tnjh, why do I have images of Guest House Paradiso in my mind? :P — Glynn (@Wee_Jubya) March 13, 2012
-
Glécklech sinn
Réckblécker schreiwt een anscheinend an der Regel Enn Dezember oder Ufank Januar, hunn ech mer soen gelooss. Dëst Joer ass no mengem Kalenner – där hunn ech dank menger Mamm endlech een mat ville schéine Fotoen drop – kaum zwee Méint al an et fillt sech trotzdem un ewéi wann et schon erëm misst op
-
Michael Lee: “Pass On”
Huelt iech véier Minutten an genéisst déi Gänsehaut, déi dee Mann mat sengen aussergewéinlechen Zeilen an deem wonnerbare Rythmus provozéiert. Et ass dowäert.
-
Samhain
Den 31. Oktober ass Samhain, dat keltescht Erntedankfest an den Ufank vum keltesche neie Joer. Well Wales ee keltescht Land ass, muss esou eppes natierlech gefeiert ginn. Mir sinn an den open-air naturhistoresche Musée zu St Fagans gefuer an hunn eis dat Schauspill emol ugekuckt. D’Walliser feieren Samhain andeem s se eppes ewéi ee Buergbrennen
-
Have You Seen My Sister Evelyn?
Ee wonnerbaart Lidd mat nach méi wonnerbarer, origineller Animatioun.