Déi Aart a Weis, wéi de Keskinkiliç mat Däitsch, Tierkesch, Arabesch a Franséisch spillt, ass onheemlech poetesch. Déi Aart a Weis, wéi hien d’Erfarung vun de Migrante beschreift, ass phänomenal, an seng Beschreiwunge vun (queerer) Léift hu mech méi wéi eemol wierklech riicht an d’Häerz getraff.
Et gëtt ee Passage, déi mech besonnesch matgeholl huet: den Erzieler beschreift, wéi säi Rendez-vous komplett ass, wann hien Däitsch schwätzt, mä den Erzieler selwer ass a kenger Sprooch jeemools ganz.
An der Lescht hunn ech selwer vill doriwwer nogeduecht, well ech an engem Land liewen, wou kee meng Mammesprooch schwätzt: et ginn einfach esou vill Deeler vu mir, déi meng Frënn hei ni wierklech kënne kenne well se Deel vun enger Kultur sinn, zu där se keen Accès hunn.
