zeréck

D’Bibliotéik

Haunting Adeline

Aus der Rei:

629 Säiten

Gelies op

Fäerdeg gelies den 10.01.2026

Haunting Adeline cover

Ech hunn Haunting Adeline op Emfeelung vun engem aneren gelies, well et anscheinend e gutt Beispill vum Dark Romance Genre ass. Meh.

Déi ganz Q Anon / Blood Libel Saach goung mer uerg op de Sak. An wann ech de Saz »cock a brow« ni méi fir de Rescht vu mengem Liewen muss liesen oder héieren, wier dat super.

Ausserdeem: Witzeg, wéi all Kéier wann eng Sexszen koum, goufen et lauter Tippfeeler. Iergendwann ernimmt déi weiblech Haaptfigur, wéi hir Lieser rosen ginn, wann se méi wéi e puer Méint brauch fir e Buch ze schreiwen, an… dat Buch hei huet sech och ugefillt, wéi wann et an e puer Méint fäerdeg geschriwwe gi wier.

D’Buch hält direkt mat zwee Cliffhanger op, mä d’Fortsetzung wäert ech net liesen.

ThierryHeles.com