Ech hätt mer gewënscht, dass iergendwou um Cover gestanen hätt, dass dat heiten een Deel vun engem Triptych ass, an net just eng Sammlung mat Kuerzgeschichten, déi alleguerten aus dem Liewe vum Ech-Erzieler vum Roman sinn. Ech hunn de Roman net gelies, an de Gedichtband och net, a vläicht ass Burning Bones besser, wann ee mat engem vun deenen zwee ufänkt, mä ech war um Enn vu Burning Bones sou frustréiert, dass ech guer kee Bock un, dat eent oder dat anert och ze liesen.
