Et huet mer géint dem Enn amfong gefall, mä ech hunn den Ufank wierklech ustrengend fonnt. Et ass mer einfach virkomm, wéi wann alles komplizéiert wier, just fir komplizéiert ze sinn. Ech weess och no bal 400 Säiten nach ëmmer net, wisou et eng “decade” um Schëff ass, an net een Deck.
Ech wäert dat nächst Buch an der Serie wuel liesen, mä ech brauch vir d’éischt mol eng Paus.
