Thierry, kaaf der ee Kalenner!

Iergendwann während de leschte Wochen hun ech komplett Gefill fir den Datum verluer. Ech war serieux der Meenung, ech hätt dee Post geschter fir den Welt AIDS Dag gepost. Dass ech ee ganzen Dag brauch fir ze mierken, dass haut eréischt den 1. Dezember ass, erschreckt mech iergendwéi. Mee naja, besser ech sin een Dag firaus, wéi ee Dag hannendran, dat wier wäitaus méi blöd fir meng Deadlines. :)

1. Dezember, dat heescht iwwregens beim Cyrille gett et haut déi éischt Iwweraschung vum Dag. Eng relativ intressant esouguer.

Kommentaren

  1. Leti
    Leti

    Soll ech der e Kalenner 2007 fir Chrëschtdaag kaafen? ;D

  2. […] Lo wonneren ech mech déi ganzen Zäit, firwat souvill Leit nach em des Auerzäit online sin a firwat iwwerall nach gebloggt gett, wou dach muer Dennschdeg ass an d’Leit mussen fréi opstoen. Dunn checken ech d’Auerzäit a klicken duerch puren Zoufall op d’Auer an den Datum gett ugewisen – aaaaaah, haut ass den 1. Mee! Mann o mann… Ech brauch ee Kalenner. D’Leti huet mer jo awer kee geschenkt. Deemols war ech en Dag ze fréi, des Kéier hat ech guer net realiséiert wéi een Dag haut wier. […]

ThierryHeles.com