Do Androids Dream Of Electric Sheep?

Ech maache jo eigentlech net gäre Reklamm, mee dat hei muss sin. DADOES? hun den Owend hier Release Party vun hierer éischter LP Snapshot Lamento am Shiny’z zu Kielen (jo, do wou déi lescht Mohebo war).

Déi 12 Lidder sin mat dat Bescht wat ech bis elo aus der Hardcore Szen héiren hun, an definitiv dat Bescht wat ech bis elo aus der lëtzebuerger Hardcore Szen héiren hun. “Intelligent Gebrëlls” kéinnt een et scho baal nennen: hier Lidder sin zu engem groussen Deel am Screamo Genre gehaalen, mee dodrënner leien awer politesch a sozial Kritiken. Oder, wéi d’Kritiker an der Woxx et ausgedréckt hun: “Ihnen ist es wichtig, eine kritische, gar subversive Attitüde nicht mehr nur durch Irokesenschnitte und andere revolutionäre Attribute zur Schau zu stellen, sondern auch konkret zu artikulieren.”

De Concert den Owend ass iwweregens den Optakt vun hierer Europatournee (e.a. duerch Däitschland, Éisträich, Tscheschien) an eenzege Concert vun där Tour hei am Land.

Hier megagäil T-Shirten verkaafen se ab haut och. A fir d’Propaganda komplett ze maachen, hei ee klenge Video deen se am Jux fir de Release gemaach hun (Ennertitlen liesen!).

Kommentaren

  1. Leti
    Leti

    wars du op där release-party??

  2. Thierry

    Vill ze faul fir bis op Kielen ze rennen. :D Ech hun de Master jo scho firun e puer Wochen ze lauschtere kritt an krut déi färdeg CD leschte Mëttwoch an de Grapp gedréckt. :)

    Wars du do?

ThierryHeles.com