
Dat “Wichtegst” direkt am éischten Abschnitt: ech hu mer virgeholl, dëst Joer vill méi ze schreiwen, nodeems ech am Dezember knapp 10,000 Wieder u Kuerzgeschichten a Gedichter geschriwwen hunn, an ech voll motivéiert an dat neit Joer starten. Dofir fänken ech ab dëser Woch ee klengen Newsletter un, wou der Gedichter vu mir selwer kritt, awer an Zukunft hoffentlech och Gedichter vu anere Lyriker. Dir kënnt iech hei aschreiwen — et ass gratis, an ech verspriechen iech net ze spammen.
Vill war nach net lass am neien Joer: d’Aarbecht huet nees ugefaangen (elo sinn ech schonn offiziell ee ganzt Joer laang selbststänneg, verréckt) an dat huet sou zimlech all meng Zäit ageholl.
Mir waren awer ee schéinen Tour trëppelen zu Cwmcarn, wat bëssen ausserhalb vu Cardiff läit a schéin zougeschneit war (d’Foto ass vun do). Gëschter ware mer op d’60. Gebuertsdagsfeier vun enger fréierer Verkeeferin um Wochemaart — et war eng flott Ronn an et gouf zwou verschidden Zorten Kuch. Fotoen hunn ech selwer keng eenzeg geholl, wat bësse schued ass, mä ech hu mech ze vill gutt ameséiert.
Dat éischt Buch hunn ech och scho fäerdeg gelies, woubäi et wierklech net menges war. Ech freeë mech awer elo drop, mech duerch de Koup Bicher ze liesen, déi ech fir Chrëschtdag all krut. Mäin Zil fir dëst Joer ass, méi wéi 5,000 Säiten ze liesen – bësse méi wéi 500 sinn et der lo schonn, nodeems ech et d’lescht Joer verpasst hat (et waren der 4,661 Säiten). Ee vu mengen Highlighten d’lescht Joer war iwwregens Fassad a Substanz vum Joël Adami – kaaft iech dat, wann der et nach net gelies hutt.
Méi schreiwen heescht hoffentlech och nees méi reegelméisseg Weeknotes bloggen. Cool Saachen, iwwert déi ech an der zweeter Hallschent vum leschte Joer zum Beispill net geschriwwen hunn: de Blog gouf 20 Joer al, domadder gëtt et dat heiten elo scho mäin halleft Liewen.
A wann der méi wëllt vu mer liesen: am Oktober koum eng Anthologie eraus vu mengem Grupp Lyriker a Schrëftsteller, an et waren e puer Saache vu mir dobäi. Dir kritt et bei Amazon. Eng schlecht Foto vu mir op der Launch Party gëtt et och – dat war déi éischte Kéier zanter dem leschten les jeunes mélancoliques Optrëtt op de Veianer Bicherdeeg, dass ech nees eppes vu mir op enger Bün gelies hunn. Och dat hunn ech wëlles, dëst Joer nees méi ze maachen.

Leave a Reply