Ruhe in Frieden

a highly stylised image of the bar area in Knoops

Ech si stolz op Lëtzebuerg (a meng Kollegen a Famill, déi mat dobäi waren) dës Woch, och wann ech nach ëmmer net verstinn wéi der Däiwel iergendeen konnt serieux gleewen, de Frieden wier ee gudde Choix fir Premier. (Den Titel vum Blogpost haut ass vun engem Plakat op der Maniff.)

Och gäil: vläit gëtt et awer nach e bëssen Hoffnung fir Ungarn.

Schued: ech war dës Woch zevill vun der Arbécht ofgelenkt an hunn de Bachmann Präis komplett verpasst. Een Deel vum Woodstock der Blasmusik hunn ech awer am Livestream erwëscht an dat war exzellent.

Alldag

Cardiff huet zanter e puer Deeg ee Knoops, eng Chaine déi sech op Schockien spezialiséiert huet, a fir d’Erëffnung gouf et ee gratis Gedrénks wou ech natierlech net konnt Nee soen. De Barista huet souguer mäin Numm richteg ausgeschwat, an esou oft wéi ech hei vernannt ginn hunn ech dat wierklech super fonnt.

Et war och lecker – ech hat ee wäisse Schockla mat Kokosnossmëllech, a kal, well bei deenen Temperaturen an där fuerchtbarer Loftfiichtegkeet momentan ass et mer wierklech net no engem waarme Gedrénks op der Terrass.

E bësse bescheuert fannen ech et just, dass den Numm vun der Chaine anscheinend “kënuups” ausgeschwat gëtt (dat steet och a risege Buchstawen op der Mauer, also eben “k-uh-noops”). De Grënner vun der Chaine ass awer een Däitschen mam Numm Jens Knoop, deen et selwer wéi am Däitschen auschwätzt, also Knoops eben. Bon.

Entertainment

Podcasten

D’Avery Trufelman huet no längerer Paus endlech nees eng nei Episod vun sengem Podcast Articles of Interest erausbruecht. Et geet am Podcast ëm Kleedung a Moud, wisou mer eis sou undinn wéi mer et maachen, a wéi Gezei eis Gesellschaft beaflosst. Ech sinn normalerweis net u Moud interesséiert, mä de Kontext deen d’Trufelman ronderëm all Sujet opbaut ass einfach phenomenal (et huet virdru joerelaang fir 99% Invisible geschafft, dofir iwwerascht dat vläit net). An der neister Episod geet et ëm Schouluniformen mä eben och em Protestantismus, Rassismus an den ëffentleche Schoulsystem an den USA. (Ech hunn et och cool fonnt, dass d’Trufelman mer op mäin Post geänwert huet.)

Den Auteur/YouTuber/Aktivist John Green war bei We Can Be Weirdos fir iwwert säi Buch Everything is Tuberculosis ze schwätzen, mä och iwwer säi Glawen, Awerglawen a Fussball. Wierklech héierenswäert.

Scho puer Méint al, mä ech sinn des Woch zoufälleg iwwert ee Podcast gestolpert, deen ganz gutt analyséiert wat aus dem Gwen Stefani ginn ass: eng Faschistin. Oder éischter: wéi d’Gwen Stefani mëttlerweil ganz ëffentlech seng rietsradikal Siichtweise verbreet, déi et schon ëmmer hat. Ech wäert seng Musék jiddefalls ni méi lauschtere kënnen.

Filmer

Feste Feiern um ZDF huet mer wierklech/iwwerraschend gutt gefall. Ech si jo souwisou Fan vu Kammerspillfilmer mä d’Schauspiller*innen sinn allesamt groussaarteg hei, an de Soundtrack ass och immens.

Musék

Net all ze vill Neies an der Playlist dës Woch:

Linken

Muenchmol huet KI awer wuel schon positiv Uwendungszwecker, zum Beispill wa Gesiichtserkennung dofir benotzt gëtt fir Flicen z’identifizéieren déi sech hannert Masken verstoppen an hiere Badge verdecken. D’URL gefällt mer och: FuckLAPD.com.

Net sou cool: all dee KI Schäiss, dee Meta produzéiert. An am US Bundesstaat Louisiana hu Politiker Gesetzer geännert a schécken elo Steiergelder, déi hätte solle méi bëllegen Internet finanzéieren, direkt an dem Mark seng Täsch. An dat alles fir ee KI Datenzenter, fir deen d’Leit um Enn dann och nach mussen d’Elektresch bezuelen.

Politico huet eng gutt Zesummefaassung, wat grad zu Bréissel passéiert. Ech war nach ni ee Fan vum Ursula von der Leyen, mä sech sou bei den Neonazien anzeschleimen hätt ech ëm bis viru Kuerzem awer net zougetraut…

Eppes Positives zum Schluss: de Zohran Mamdani war fréier ee Rapper ënnert dem Numm Mr Cardamom. An den Design fir seng Campagne ass sou zimlech dee genialsten Design, deen ech jemools vun engem Politiker gesinn hunn.

Fediverse reactions

Buy Me a Coffee at ko-fi.com

Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

ThierryHeles.com