BlogDelux – Déi 326.

Den Här Vivier verkeeft ons Blogger wierklech gären fir saudomm! Ech kann et guer net, wann eng Persoun oder eng Firma probéiert, mech ze kontrolléiren, ganz egal wéi bescheuert se sech dobäi uleen.

BlogDelux, deen éischte Skandal an der lëtzebuergescher Blogosphär. Eigentlech sollte mer dankbar sin. Elo hun endlech och lëtzebuerger Blogger d’Wourecht iwwert eng ominéis Firma obgedeckt. ‘t feelt just nach, dass dat och an der Press steet, fir dass och kee Mënsch méi der Meenung ass, an der Pressematdeelung vu BlogDelux wier och nemmen déi geréngste Wourecht ze fannen.

Kommentaren

  1. benem

    Hehe, jo lo hun mer amfong den Jamba-Skandal vu L?´tzebuerg, den Problem as dass et keen Mainstream-Skandal as (lo op Lux. bezun)

  2. Thierry

    Jo… Schreiw mol een un den RTL, well, wann ech dierf meng Italieneschproff vun 2e / 1ere zitéiren: “Iwwerall wou ee Skandal kéinnt sin spréngt RTL mat enger Gëftegkeet drop déi hieresgläiche sicht.” :)

  3. Grommel

    Oder schalt den Marc Thoma an! Eng Affaire à tzuifre! ;)

  4. Thierry

    Meng ganz Strooss war schon eng Kéier beim Thoma. Muss ech net onbedéngt hun, zumols wou ech deemols absolut mat deem averstaane war, wat gelaaf ass, an domat géint meng Strooss. Den Thoma huet scho géint mech geschafft, dann laafen ech elo net bei en fir Hëllef. :)

    Mee t’ass een däregen Dossier. Effektiv. ;)

  5. bloGeescht

    An der Press sti leider sou Sätz wéi “Mit BlogDelux startet demnächst die erste nicht-kommerzielle (sic!) Blogger-Gemeinschaft aus Luxemburg und der Großregion.”

    (Lëtzbuerger Land Nr. 3 vum 19. Januar 2007, Säit 4, genannt … Blog)

  6. Thierry

    Jo, net nemmen an de lëtzebuergeschen Zeitungen. Am Contacto (portugiesesch) steet genau dee selwechte Blödsinn…

ThierryHeles.com