Sou jonk komme mer ni méi zesummen (an ech war net mol dobäi)

d'Roxie op der Fotell

Et ass schon witzeg traureg, wéi vill Kollegen hier Aarbécht momentan einfach sat hunn. Mir geet et jiddefalls vill besser, säit ech gekënnegt hunn a fir mech selwer schaffen (och wa mer dës Woch eng Plaz beim Staat opgefall ass, déi wierklech onheemlech cool kléngt a genee a mengem Beräich läit – ech iwwerleeë mer dat op alle Fall mol dës Woch, ob ech mech mellen). Ech mengen, dass et mer besser geet als Indépendant läit och zu engem gudde Stéck dorunner, wéi schrecklech déi läscht puer Méint bei mengem fréieren Employeur waren.

Ech hunn des Woch och vill iwwer meng Schoulzäit nogeduecht, well eng Réunioun geplangt war ob déi ech zwar leider net konnt goen, mä fir déi ech e puer Fotoen vun deemols™ bäigesteiert hunn. Wéi ech gëschter mat enger Frëndin telefonéiert hunn, dat op der Réunioun war, hunn ech et och scho lëschteg fonnt ze héieren, wéi vill Leit dann tatsächlech awer Proff gi sinn. De lëtzebuerger Dram 🇱🇺 liewt also och fir ons Millennials weider.

Ech muss awer och soen: et si genuch fréier Klassekomerod(inn)en dobäi mat wierklech wahnsinneg coole Beruffer. De Philippe, zum Beispill, deen oft zu Kyiv ass an sech säit Joere fir d’Ukrainer staark mécht, huet d’lescht Joer fir de Forum eng phenomenal Spezialausgab iwwer d’Ukrain geschriwwen. Liest déi onbedéngt, wann der et nach net gemaach hutt.

Alldag

Déi éischt Woch vum Mount heescht wéi gewinnt, dass ech mech mat mengem Grupp Dichter an Auteuren getraff hunn. Ech hunn dës Kéier wierklech just Saache produzéiert, déi ni aus mengem Notizbuch wäerte kommen, mä dat ass okay – heiandso mussen all déi schlecht Ideeën och eraus.

E Freideg war ech chinesesch Fondue iessen, wat ech vill ze wéineg maachen. Et war erstaunlech roueg am Restaurant, mä dat louch vläit drun dass awer wierklech jiddereen op dem Optakt vun der Oasis Welttournée am Stadion war. Ech verstinn den Hype net ëm déi Band, mä et stéiert mech awer och net – an de Stadkär vermeiden ech souwisou ëmmer, wann eppes am Stadion lass ass (de Stadion ass hei wierklech ultra-zentral, direkt vis-à-vis vun der Haaptgare).

Entertainment

Ech hat amfong wëlles, des Woch den neie Superman kucken ze goen. D’App vu mengem lokale Kino hat deen nämlech schéin ënnert „now playing” stoen zanter leschtem Sonndeg. Déi App ass awer leider vun engem Idiot entworf ginn, well de Film leeft réischt ab dem 11. Juli.

D’Staffelfinal vun Taskmaster war enorm. Dee beschte Cast säit Joeren, vläit souguer dee beschten iwwerhaapt. Gidd dem Jason Mantzoukas an dem Stevie Martin eng Sitcom!

Am Podcast The Europeans (ech hat dee jo schon eng Kéier recommendéiert) gouf et dës Woch eng interessant Diskussioun iwwert d’Pride Parad zu Budapest, inklusiv Interview mat engem, deen dobäi war. D’Diskussioun mam ungareschen Auteur Krisztián Marton hunn ech och faszinant fonnt, an ech muss mer säi Buch, Crybaby, onbedéngt kafen.

Dës Woch koum just ee Lidd an d’Playlist dobäi: Sougen vum 駒田早代 [Sayo Komada]. Ech verstinn net, wéi ee sou séier ka seng Fangeren beweegen – immens!

Linken

Ech kucken nach ëmmer al Folgen vun House an ech hu mech gefrot, ob Dokteren hautzedags eigentlech och nach Pageren benotzen well dat e bëssen wéi ee Relikt aus enger anerer Zäit ausgesäit an der Serie. An, jo, Pageren ginn et nach ëmmer a Kliniken. Dofir ginn et eng Rei Grënn, an deen Aspekt dee mech am Meeschten iwwerascht huet: Pageren funktionéieren a Kliniken, wou et oft vill déck Maueren an Ecker ouni Netz ginn, vill besser.

Deen Text hei iwwer Klenschen am Sightless Scribbles Blog hunn ech interessant fonnt och well et mech un eppes erënnert huet dat ech viru Joeren mol eng Kéier während enger Tour vun de Warner Brothers Studioen zu Los Angeles geléiert hunn: Klenschen verroden, a wéi enger Period mer grad sinn, dofir stinn do och allerguerten d’Haiser an de Kulissen ouni Klenschen, wann d’Haiser net grad fir en Dréi gebraucht ginn.

Zum Schluss e puer gutt Gedankenustéiss vum Hank Green iwwert Iessen, Gesondheet an Desinformatioun.

Fediverse reactions

Buy Me a Coffee at ko-fi.com

Comments

  1. […] I’ve banged on about how amazing the most recent season series season1 of Taskmaster was and this is a hilarious breakdown of why the show works so well and why the US remake was such a disaster. […]

  2. […] of Lex Luthor, I’ve finally seen Superman after that confusion earlier this month and it is so, so […]

  3. […] not been up to much this week. A lot of my focus went on writing an application for that civil service job I mentioned a couple of weeks ago, because I did decide to throw my hat in the […]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

ThierryHeles.com