‘t ass Nationalfeierdag, dofir schreiwen ech dat heite mol eng Kéier op lëtzebuergesch. Et war mer einfach dono, op lëtzebuergesch ze bloggen. Dat liesen dann halt nach manner Leit wéi souwisou schon, mä dat ass mer egal.
Alldag
Mir hunn tatsächlech den Astronomie Pub Quiz gewonnen – a mat chineseschem Iessen gefeiert. Eng vun den Äntwerten war eent vu menge Lieblingswieder: Syzygie. Gewonnen hu mer ee Buch iwwert Raumzäit an e puer Patchen – ech hunn mer ee mat der ISS erausgesicht.
Soss war net vill lass d’lescht Woch, et war einfach vill ze vill waarm fir eppes ze maachen. Ech war och net laang um Wochemaart.
Entertainment
The Accountant2 ass nach méi verréckt, wéi deen éischte Film. Déi zweet Hallschent hunn ech trotzdem bësse schlecht fonnt, mä dir kënnt iech e gären ukucken.
High Potential an Mid-Century Modern op Disney+ sinn allenzwee den Hummer. High Potential baséiert op enger belsch-franséischer Serie vun TF1 an La Une, Haut Potential Intellectuel, an ech muss mer déi och onbedéngt ukucken.
Podcasten
Inside Austria hat eng interessant Diskussioun iwwert Däitschland a wéi et mat senge Grenzkontrollen d’EU-Recht verletzt, a firwat dat eng Gefor fir d’EU selwer ass.
A wou mer grad bei der EU sinn, Inside Europe vun der Deutsche Welle hat eng méi optimistesch Vue op de Kontinent dës Woch, inklusiv enger Reportage iwwert ee grousst Experiment fir normal Leit um nächsten EU-Budget deelhuelen ze loossen. Wat amfong keen dierft iwweraschen: wa mer Leit aus verschiddenene Länner an ekonomeschen Hannergrënn beieneen setzen, versti mer eis op eemol besser.
Musék
Des Woch koumen déi folgend Lidder an d’Playlist
- Fickle Friends: Swoon
- ittibitti & Anna Graceman: Made You Look
- Syd Taylor: After the Fact
- Yungblud: Zombie
- Jessica Shy: Kodėl Aš Ir Vėl (vläit muss ech méi lithauesche Pop lauschteren…)
- Dadleoli: Dalia ‘Mlaen (awer och méi wallisesch Musék)
- Rosie Betts: Doodles
- Luns & Alfred Bertin: Marseille Saint-Charles
Linken
Haut koumen déi éischt offiziell Fotoen eraus vum Vera C. Rubin Observatory, engem neien a wahnsinneg performantem Teleskop vun 3,200 Megapixel, an si sinn wierklech impressionant. Et si schon 2,000 bis ewell onbekannten Asteroiden entdeckt ginn, an et gëtt sech erwaart dass den Teleskop iwwert dat nächst Joerzengt bis zu 20 Milliarden (!) nei Galaxien wäert entdecken.
De Joël huet ee gudden Artikel iwwer sozial Medien geschriwwen. Bluesky nervt mech och all Kéiers, wann ech mech do aloggen, an dem Joël seng Observatioun dass dat alles een Hauch huet vun „somebody is wrong on the internet“ erklärt ganz gutt, wouhier dat Gefill kënnt. Witzegerweis benotzen ech Instagram iwwregens wäitaus manner, säit ech mäin Account ëffentlech gemaach hunn.
Trotzdem hei ee Post vu Bluesky, well deen alles gutt resuméiert.
Leave a Reply