Woohoo

Leit, déi Daps 2010 gelies hunn, wëssen, dass et an deem Buch eng Geschicht gouf iwwer den lëtzebuergeschen Diktator Thierry, dee Krich mat de laangbärtege Belsch hat, well een Kand en Apel vun engem lëtzebuergeschen Apelbam giess hat an den Thierry dem Kand de Kapp ofgeschloen huet.

Thierry, the Terrible huet déi Geschicht geheescht. Aus Dommheet haten mäi Matbewunner, d’M. an ech eis eng Kéier een Owend dohigesat an alleguerten den Titelen an deem Daps eng sexuell Konnotatioun ginn.

Aus besoter Geschicht gouf Thierry the terribly horny and the Mexican apple thief (Scrubs Referenz!). Haut hat ech dësen T-Shirt an der Boîte leien, vum M., fir mäi Gebuertsdag (en war leider nach net bei him ukomm wéi ech do war). 🩶

Buy Me a Coffee at ko-fi.com

Comments

  1. me likes

ThierryHeles.com