March 2009


  • Zwou Adaptatiounen, vun deenen ech net wousst, dass et der sinn.

    K-PAX, de Film mam Kevin Spacey em een angeblech Ausserirdeschen aus dem Joër 2001, baséiert um éischte Buch aus der K-PAX Trilogie vum Gene Brewer. (Am zweete Buch gëtt iwwregens verroden, op den prot just eng mental Stéierung huet.) Dexter, d’Fernsehserie mam Michael C. Hall em ee Märder deen als Forensiker fir d’Police schafft, baséiert

    Liesen »


  • Kuerzkritiken, oder sou

    Lesbian Vampire Killers ass ganz witzeg, géing ech mer awer keng zweete Kéier wëllen ukucken. Op ech mer de Sequel, deen ganz staark ugedeit gëtt, an deen mir e Freideg kuerzerhand Gay Werewolf Slayers betitelt hunn, undinn, weess ech och net. Trotzdem: wien ronn 90 Minutten gudd wëll laachen, an net zevill obsédéiert ass mat

    Liesen »


  • NIN|JA 2009

    Ech hunn mech grad beim Lauschteren vun Y34RZ3r0r3mix3d gefrot, op den Trent Reznor eigentlech net och twittert, wou dee Mann dach soss esou modern ass an et versteet déi nei Medien perfekt fir sech ze notzen. En twittert och effektiv. Doduercher sinn ech dann op ee Projet gestouss, vun deem ech iwwerascht sinn, dass den

    Liesen »


  • Holy…

    Endlech e Film mat zwee vu mengen absolut léiwste Schauspiller: dem Zooey Deschanel an dem Joseph Gordon-Levitt. Wat mech awer erschreckt huet ass, wéivill deen Trailer wéi mäi Liewen ass. Bis zu deem Moment, mat abegraff, wou déi zwee sech mat der Hand huelen, ass et praktesch identesch zu deem wat a mengem Liewen an

    Liesen »


  • SadAutumn goes lëtzebuergesch

    E puer Wochen hunn ech elo ronderemgekniwwelt. Wéi verschiddener eventuell nach wëssen, hat ech virun éiwegen Zäiten emol eng Kéier WordPress op lëtzebuergesch iwwersat fir d’naischtnotz Podcasten. Deemols war dat alles Hardcoding – spriech déi englesch Wierder an de PHP Dateien all eenzel änneren. Dat hat natirlech zum Nodeel, dass all d’Datumer nach op Englesch

    Liesen »


  • Polarkreess

    Zéiflësseg Trauregkeet. Melancholesch drëpst se wéi Ueleg op een gliddege Steen, deen trotz all Beméien net brennen wëll. Uewen, am Himmel, dovunner probéieren ech mech z’iwwerzeegen: d’Silhouette vun engem Zeppelin. Mee hien huet jo keen. Ech war um Buedem zerstéiert, wéi de Nate Fisher jr gestuerwen ass. Joerelaang hat ech mat deem Personnage gelidden a

    Liesen »


  • When vapour hits air

    Et gëtt dech also nach, meng aalbekannten, muenchmol verhaassten, muenchmol geschaten Schloflosegkeet. Fir éierlech ze sinn, ech hat dech net groussarteg vermësst an de leschte Wochen, an wanns de net elo erem opgedaucht wiers hätt ech dech wuel an de nächsten Deeg iergendwann vergiess. Dat hues du wahrscheinlech gespuert an der geduecht, du misst dann

    Liesen »

ThierryHeles.com