Zwou Saache si scho vill ze laang hier: éischtens, dass et hei neie Contenu gouf an zweetens, dass ech op Lëtzebuergesch gepodcast hunn. Béid Zoustänn ginn heimatter geännert, mat der Première vun engem neie Podcast, deen ech ab elo eemol de Mount – esou hu mer eis dat emol virgeholl – mat mengem Brudder ophuele wäert.
An onser éischter Episod diskutéieren mer iwwer d’Walen zu Lëtzebuerg, iwwer den 11. September a Relioun an der Schoul, iwwer dem JFK an der Kennedy Famill hieren Afloss op d’US Politik, an iwwer Journalismus zu Lëtzebuerg.
Eroflueden | Abonnéieren | iTunes
Den Intro ass “There It Is” vum Kevin MacLeod a steet ënnert enger CC By Lizenz.