Skip to content

Any Day Now

Any Day Now

Baséierend op reelen Évenementer erzielt de Film d’Geschicht vum Rudy Donatello (Alan Cumming) a Paul Fleiger (Garret Dillahunt), déi sech 1979 an engem Café kenneléieren an op den éischte Bléck anenee verléiwen. D’Liewen beweegt sech direkt schnell fir déi zwee, wéi de Rudy de Bouf vu senger kokainsüchteger Nopesch bei sech ophëlt wéi déi am Prisong lant. Well weder de Rudy nach de Paul wëllen zouloossen, dass de Marco – deen um Down Syndrom leid – am System verschwënnt, iwwerzeegen se d’Mamm hinnen temporär Adoptivrechter ze ginn. Alles schéngt gutt – bis dem Paul säi Chef realiséiert, dass se eng homosexuell Koppel an net Kosenge sinn, an se beim Geriicht mellt.
De Film schwankt tëscht dem gléckleche Familieliewen, dat déi dräi sech opbauen, dem Rudy sengem Wonsch Sänger ze sinn, an der Geriichtsverhandlung – eng Mëschung déi aussergewéinlech gutt geléngt. Virun allem den Alan Cumming liwwert den Héichpunkt vu senger schauspillerescher Carrière of, mat engem tour de force déi engem dem Rudy seng Léiwt fir de Marco an seng Qual iwwer d’Onverständnis vun der Gesellschaft esou déif matspiere loossen dass et ferm wéi deet.
Obwuel dat Ganzt sech 1979 an 1980 ofspillt, huet d’Geschicht haut esou vill Wichtegkeet ewéi deemools – d’Rechter an d’Léift vun der homosexueller Koppel als Elteren ginn a Fro gestallt, si gi mat Pädophile gläichgestallt an ëmmer nees gëtt drop gepocht, dass et ee lifestyle choice an net eng sexuell Orientéierung ass. De Fait, dass d’Verhandlungen gréisstendeels vun enger Riichterin ofgehale ginn mécht d’Absurditéit nëmmen nach méi offensichtlech.
‘t ass déi Art Film, déi iech är Séil mat esouvill Traueregkeet futti schléit, dass der nom Film mol nach e puer Minutte sëtze bleift. ‘t ass déi Art Film, déi esou voller Léift ass, dass ee guer net anescht kann ewéi sech ze froen firwat mer haut nach ëmmer net weider sinn als Gesellschaft ewéi virun 40 Joer. ‘t ass déi Art Film, déi ee wierklech muss gesinn hunn.
De Film kritt 5/5 Stären, och well den Alan Cumming a Garret Dillahunt eng wierklech léif Koppel ofginn an ee kee Moment un hierer Léift zweifelt.

Tags:

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *