“Hermione just stole all of our shit.”

James Franco. Seth Rogen. Jonah Hill. Jay Baruchel. Danny McBride. Craig Robinson. Michael Cera. Emma Watson. Jason Segel. Mindy Kaling. Aziz Ansari. Channing Tatum. D’Lëscht vun de Staren am This is the End ass praktesch endlos. D’Prämiss ass séier erklärt: d’Schauspiller, déi all sech selwer spillen, treffen sech am James Franco sengem neien Haus fir eng gigantesch Party – a während se feieren, fänkt op eemol d’Apokalyps un an si stellen fest, dass kee vun hinnen an den Himmel gerett gouf an se elo op der Äerd festsëtzen an sech géint Dämonen wiere mussen.

De Film ass total iwwerdriwwen – de Michael Cera kritt ee Blowjob vun zwee Fraleit nodeems en dem Rihanna op den Hënner klappt, den David Krumholtz stierwt een absurd offensichtlechen Doud, d’Emma Watson zerschléit de Seth Rogen a klaut hinnen all d’Waasser an Iessen, si dréien aus Langeweil een horrend schlechten “Pineapple Express 2”, et gëtt een Exorzismus mat Kichenutensilien an si drénken, saufen a fëmmen sech duerch de Weltënnergang. Kuerz: weder d’Story nach d’Schauspiller huelen sech och nëmmen fir eng eenzeg Sekonn e bëssen eescht. An de Schluss, bei deem ech bal Tréine gekrasch hu vu Laachen, ass esou wonnerbar iwweraschend an absurd, dass e wierklech net virauszegesinn ass.

Kuerz: This is the End ass Comedy vum Allerfeinsten. An dem Danny McBride säi Kommentar, nodeems d’Emma Watson hinnen alles geklaut huet, ass wuel ee vun de groussartegste Säz, déi jemools op enger Leinwand gesot goufen. Woubäi d’Tatsaach, dass d’Watson net an den Himmel kënnt bal nach besser ass.

Muss een e gesinn hunn? Jo, et ass eng vun de groussartegsten, topege Komödien, déi der iech wäert eranzéien. 5/5

Published on

in

Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *