Et gi selte Momenter an der Politik, déi d’Prädikat “wonnerschéin” verdéngen. Am neuseelännesche Parlament koum et dës Woch zu esou engem Moment, nodeems d’Regierung als dräizéngt Land op der Welt d’Bestiednis fir homosexuell Koppelen erlaabt huet. Ech hunn de Clip mëttlerweil schon x-mol gekuckt, an ech kréien ëmmer nees Gänsehaut, ewéi wonnerbar d’Mënschheet dach ka sinn wann se nëmmen wëll.
Wann der et nach net gesinn hutt, huelt iech déi fënnef Minutten a kuckt iech dëse groussaartege Moment un. No ufänglechem Applaus iwwert d’Victoire fänken d’Leit an der Chamber un, Pōkarekare ana ze sangen, en extrem populärt Liebeslied op Māori. Dass de Speaker ganzer véier Minutte laang waart ier en “order” rifft, mécht dat Ganzt just nach besser.
Leave a Reply