Wéi ech op 2e am roude Lycée war, hat d’Mme Werner, déi zu deem Zäitpunkt nach Directrice war, eng Kéier vum Portier sämtlech Plakater an Zeitungsartikele bei eis am Klassesall vun der Mauer rappe gelooss (an net mol propper). Mir woussten ufanks net, dass deen Uerder aus der Direktioun koum, an hunn eis iwwert gesiichtslos Matschüler opgereegt, déi sech dem Vandalismus higinn hunn. Déi offiziell Argumentatioun war, wéi se bis koum, dass eventuell Leit déi Schnipsele kéinten als ustéisseg empfanne well se net déi selwecht politesch Vue hätten – d’Saache waren all aus dem lénke Spektrum. Dat war natierlech Blödsinn, well d’Bild vum Heng an Tréis an den EU Fändel iwwert dem Pult sinn hänke bliwwen. Et war eis awer och ze topeg dowéinst streiden ze goen, a mir kruten dat och vun eisem Däitschproff, ëmmerhin een Anarchist, ofgeroden. Esou funktionéiert nämlech Meenungsfräiheet am CSV Staat.
Dat selwecht Joer hate mer d’Éier, de fréiere Staatsminister Jacques Santer kennenzeléiren. Hien koum moies an de Festsall iwwer d’CSV an d’Politik allgemeng schwätzen. Esou war dat versprach ginn. Et huet ee vun hannen aus dem Sall gesinn, dass de Mann entweder nach ëmmer oder schonn erëm voll wier, oder zumindest staark mam Noduuscht gekämpft huet. Ons Directrice, déi selwecht Mme Werner, ass dofir och direkt mat engem Glas Waasser – huelen ech un, mä Wodka gesäit bekanntlech d’selwecht aus – bei e gelaf. De gudde Mann huet ons dunn vun esou wichtege Momenter ewéi den “nuklearen Atombommen” erzielt a vun senger Partei, déi dee Moment an enger Koalitioun mat “deenen aneren do” war. Esou eppes gëtt nämlech aus engem, als Staatsminister bei der CSV.
Op et eng Generatioun Juncker gëtt, freet de Max a wann een sech bewosst gëtt, dass d’Éischtwieler bei de nächste Walen keen aneren Premier ewéi hien kennen, dann ass déi eenzeg méiglech Äntwert ee klore Jo. Meng Schlësselerliefnesser mam CSV Staat waren awer net onbedéngt ëmmer mam JCJ verbonnen. Ech weess net méi genau wéini oder wat d’Ëmstänn waren, mä meng Elteren koumen eng Kéier owes heem an hunn driwwer gelaacht, ewéi um Knuedler mat Tomaten op d’CSV Politiker geschoss gouf. Ech war deemools e bëssen traureg, dass ech dat net konnt mat eegenen An gesinn, well ech och dunn schonn verstanen hat, dass den JCJ kee Gudde wier.
Als een, deen sech politesch relativ wäit lénks wuel fillt, ass mir den CSV Staat an de JCJ am grousse Ganzen ni bekomm, an och wann et mer bewosst ass dass een an enger Demokratie natierlech ëmmer der Majoritéit ënnerläit, wier et mer léiwer wann dës Majoritéit net zanter 17 Joer géing de selwechte Mann un der Spëtzt halen. Et huet Grënn, firwat dat a villen Demokratien duerch d’Geschicht erduerch verbuede war an och haut an diverse Länner ass. Wuel ginn et Momenter, déi gutt verlaf sinn – d’Euthanasiegesetz beispillsweis, ewou Lëtzebuerg zur Ofwiesslung mol eng Kéier onvirstellbar fortschrëttlech ass – ma déi schlecht iwwerweien. Den Tram, zum Beispill. De Musée Dräi Eechelen. De 5611, op deen de Max och schonn agoung. Geld dat zur Fënster erausgehäit gouf, Rechter déi ofgeschaaft goufen. Muenchmol ass Lëtzebuerg angenehm kommunistesch, beim ëffentlechen Transport zum Beispill (och wann et un enger anstänneger Visioun fir d’Mobilitéit feelt). Muenchmol ass Lëtzebuerg lächerlech domm a stur, beim Antitubaksgesetz zum Beispill.
Huet de Juncker mech jemools ugesprach? Nee. Esou gutt ewéi hien d’Medien am Land manipuléiert (wat och dorunner läit, dass et einfach näischt gëtt dat d’Wuert “Journalismus” verdéngt hätt) an d’Leit virgefouert kritt (“mä eis geet et jo awer gutt” ass esou ee Saz deen ee gären héiert, an dee weist ewéi wéineg d’Leit wierklech matkréien), esou wéineg huet hien sech fir mech ewéi ee Mann ugefillt deen esou vill politesch Muecht sollt an Europa hunn.
Gëtt et eng Generatioun Juncker? Déi jeeweileg Regierung beaflosst wuel ëmmer d’politesch Orientéierung vun de Leit wann se opwuessen – op déi eng oder déi aner Manéier. Empiresch hunn ech den Androck, dass dee Schoss fir de Juncker éischter no hanne lass geet well ech wierklech guer kee Jonke kennen, dee fir hien géing wielen. Mä natierlech gëtt et eng CSJ, also mussen et jonk konservativ Chrëschten ginn (wat eng traureg Realitéit). Mä souguer den ADR huet eng Jugend, also fënnt een offensichtlech fir all Ideologie Nowuess, wann een se nëmme richteg verkeeft.
Vläit kënnt 2014 alles anescht, an de Juncker muss goen. Dozou bäidroe wäert ech als Emigrant wuel net kënnen – meng Emigratioun (a mäin Austrëtt aus der Kierch) dierfte souwisou Statement genuch sinn. Ma sou oder sou – hien ass elo schon de längste Leader an der EU. Fir eng Demokratie ass dat verdammt traureg.
Leave a Reply