Feed your mind

D’Entscheedung, eng nei Sprooch ze léieren koum aus engem traurege Moment eraus: ech hu schon ëmmer, wann ech um Buedem louch, komplett nei Saachen a mengem Liewen gebraucht, net onbedéngt fir mech direkt ofzelenken mä well et sech eben vill méi schwéier op negativ Gedanken konzentréieren léisst wann een et mat neien Informatiounen voll pucht. Wallisesch ass eng Sprooch, déi ech wollt léieren zanter ech viru sechs Joer heihinner geplënnert sinn an an där Hisiicht koum mer dat ganzt Elend vun de leschte Méint iergendwéi geleeën. Wallisesch ass och eng Sprooch, mat där engem hei um Aarbechtsmarché eng Hellewull Dieren opginn, an dat ass ee fantasteschen Nieweneffekt.
Haut den Owend war den éischte Cours, an et war immens. Ech hunn vill méi geléiert ewéi ech et mer erwaart hat, wat wuel och dorunner läit, dass mer alleguerten schon multilingual sinn an duerch d’Liewen hei schon dat eent oder anert Wuert opgeraf hunn, an et eis dofir méi einfach vun Hand geet. Mir sinn just zu fënnef – dat fannen ech eng gutt Zuel, well de Proff eis all kann nolauschteren an eis Aussprooch a Grammaire verbessere kann.
Ech kann mech net erënneren wéini ech mech fir d’Lescht esou gutt a menger Haut gespuert hunn. Wahrscheinlech sinn ech ee vun deene Mënschen, déi einfach net glécklech kënnen sinn wann se net permanent nei Saachen léieren. Ech brauch intellektuellen Input fir Energie ze hunn – ironescherweis misst ech no e puer Stonnen léieren midd sinn, mä mäi Gehir leeft op Héichtouren. Et ass e wonnerbaart Gefill.
Hoffentlech heescht dat, dass ech demnächst och erëm méi Loscht op an Energie fir Schreiwen a Bloggen hunn – ech verspriechen näischt, mä momentan fillen ech mech ewéi wann ech d’ganz Nuecht duerch tippen kéint.
Ech drécken no engem ganzen Joer endlech nees d’Schoulbänk, an ech si glécklech. Dass ech mech eng Kéier esou wuel op der Cardiff Uni géing fillen, hätt ech och ni geduecht.

Published on

in

Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *