July 2012
Boris Johnson’s Olympic Welcome
Dat hei ass wierklech äusserst brilliant zesumme geschnëppelt. (An héchstwahrscheinlech och dat Eenzegt, dat der hei um Blog wäert vun de Spiller liesen.)
Eidlen Tirang
Et gi Saachen, op déi een näischt virbereede kann an déi ni méi einfach ginn, egal ewéi oft een se duerch mécht: dat Gefill, wann eng Léift vergeet.
Ech stinn virun engem eidlen Tirang an probéieren mech z’iwwerwannen, fir wéinstens een Duch dran ze leeën, fir dass et sech nees ewéi mäin Tirang ufillt. ‘t ass ee Mount hier haut, dass ech dir all deng Saachen zeréck ginn hunn. Pulloveren, Ënnerwäsch, de Rang deen s de um Nuetsdësch leien gelooss has. Déi Fläsch Wäin déi s de – wéi sech sollt erausstellen leschte Kéier wou s de hei geschlof hues – matbruecht has, awer mer virun der Tëlee zesummegekuschelt op der Fotell agepennt sinn, ier mer se konnten opmaachen.
Ech hat der dëse Park deemools gewisen, wéi mer déi éischte Kéier zesumme wanderen waren. Et ass iergendwéi passend, dass mer elo hei op der Bänk sëtzen, de Leit um Tennisfeld nokucken, an nach ni esou wéineg Wierder tëscht eis gefall sinn: et ass alles gesot. Du kämpfs mat den Tréinen an ëmaarms dech selwer, an alles a mer jäizt dono dech ze kussen an der ze soen dass alles nees an d’Rei kënnt. An alles wat ech brauch, ass däi Kapp op menger Schëller an dat Gefill, dass de Rescht vun der Welt net zielt.
Alles wat iwwreg bliwwen ass vun eis ass déi traureg Gewëssheet, dass mir näischt méi wëllen ewéi dass déi aner Persoun glécklech ass, a mir net déijéineg sinn déi dat kënne maachen. Kann et eppes méi Traureges am Liewen ginn.
Eng eenzeg SMS hunn ech der geschéckt zanter ech der deng Saachen erëmginn hunn. Eng eenzeg SMS koum zeréck. D’Liewen geet weider. D’Liewen muss weider goen. Du wunns 200 Kilometer ewech, dat ass net wäit, an awer war nach ni eng Distanz esou grouss. Et fillt sech un ewéi een anert Liewen, sou wäit ass déi Welt hei mat dir scho fort.