Skip to content

Samhain

Den 31. Oktober ass Samhain, dat keltescht Erntedankfest an den Ufank vum keltesche neie Joer. Well Wales ee keltescht Land ass, muss esou eppes natierlech gefeiert ginn. Mir sinn an den open-air naturhistoresche Musée zu St Fagans gefuer an hunn eis dat Schauspill emol ugekuckt.

D’Walliser feieren Samhain andeem s se eppes ewéi ee Buergbrennen veranstalten. Si hu keng Buerg, mä ee Ruddemann, an dee lauter kleng Männercher aus Rudden gestach ginn déi an der Woch virdrun Schoulkanner bastelen. Honnerte vu Schoulkanner stinn als Hexen an Druiden verkleet ronderëm de Ruddemann an jäizen mat den anere Leit “llosgi!” (wallisesch fir “brenn!”) während et vun engem Druid ugefaangen gëtt an verbrennt. Verbrannt gëtt en an der Hoffnung e géing déi béis Geeschter afänken a mat verbrennen. Dem Caesar no gouf et zu senger Zäit och ee mënschlecht Opfer, mä dat konnt ni archeologesch bewisen ginn – mä Mënschen verbrennen se hei haut natierlech souwisou scho laang net méi.

3 thoughts on “Samhain”

  1. Dat heescht, dat ass genee dat nämlecht wéi d’Buergbrennen a Lëtzebuerg, wat wuel och vun eise keltesche Virfahren staamt.
    Awer cool. Ech sinn e Fan vu Buergbrennen.

  2. Jo, wéi gesot et ass ewéi ee Buergbrennen. Hei ass et eben just d’Erntedankfest a fänkt de Wanter un, wou et beim Buergbrennen jo drëm geet fir eng gutt Ernt ze suergen. :)

    Buergbrennen sinn cool. Dat hei ass déi éischte Kéier zanter Joeren, wou ech op engem war.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *