Friends with Benefits — Zwee Frënn, gespillt vum Justin Timberlake an dem d’Mila Kunis, hunn es genuch mat Bezéiungsstress, mä wëllen net op Sex verzichten. Also décidéieren se kuerzerhand mateneen ze schlofen, an sech ze schwieren sech net aneneen ze verléiwen. Dat geet eng Zäit laang gutt, féiert dann awer zum prévisiblen Resultat, dass déi zwee sech awer trotzdem aneneen verléiwen.
Wat kléngt, wéi eng weider sënnlos romantesch Comedy, huet iwwerraschend vill Substanz an glafwierdeg Charakteren. D’Dialoger sinn erstaunlech originell, an et gi Momenter vu grousser Mënschlechkeet – zum Beispill dann, wann dem Timberlake säi Charakter mat sengem un Alzheimer leidende Papp um Flughafen ësst.
Tinker Tailor Soldier Spy — Adaptatiounen sinn esou eng Saach. Si ginn an de meeschte Fäll schief aus. Mä dës Filmversioun vum LeCarré sengem Bestseller huet et an sech. Ee Cast, vun deem een soss nëmmen dreemen kéint – Benedict Cumberbatch, John Hurt, Colin Firth, Mark Strong – bidd eng formidabel Performance vun engem intelligente Spionage Thriller.
One Day — Nach eng Adaptatioun, allerdéngs hunn ech d’Buch ni gelies. D’Handlung? Ee Jong léiert no der Ofschlossfeier ee Meedchen kennen, déi zwee ginn zesummen heem an et kënnt wéi et komme muss: déi zwee schlofen weder mateneen, nach verléiwen se sech. Si ginn sech d’Verspriechen, Frënn ze bleiwen. De Film zidd sech iwwer 23 Joer – vun 1988 bis 2011. All Joers um 15. Juli begéinen mer de Personnagen erëm, an iwwer d’Joeren ewech erliewen mer mat, ewéi d’Frënnschaft sech entwéckelt.
Trolljegeren — D’Norweger sinn interessant Leit, well et si Leit déi ee Film am Blair Witch Stil kënnen dréien iwwer ee Grupp Studenten, déi engem Troll Jeeër nolafen. Vill méi gëtt et zu deem Film net ze soen, well et ass déi komplett Handlung.
Colombiana — Schon erëm ee Film iwwert eng Vendetta. Dës Kéier vum Luc Besson, a mam Callum Blue, Michael Vartan a Zoe Soldana. Een Drogeboss bréngt d’Elteren vun engem klenge Meedchen ëm, dat doropshin schwiert, sech ze rächen. Dat mécht et och, an bréngt säi Monni dozou et zu engem Killer z’erzéien. Domatter wier d’Handlung geklärt.
Den Trolljegeren hun ech op Englesch bei engem doheem gesin, dovunner oofgesin daat Norwegen wierklech schein Landschaften huet wees ech wierklech net waat ech vun deem Film soll haalen. Haat vill WTF-Momenter, an den Schluss deit dorop hin daat wahrscheinlech een 2ten Deel rauskennt.
Ech mengen ech muss mer den One Day mol unkucken. Dain Kuerzreview huet mech fuerwetzeg gemeet.