Endlech ee Film deen no sou richteg guddem Cyberpunk ausgesäit. An dee Cast! Ech hunn mech schon fierchterlech laang net méi esou riseg op ee Film gefreet.
Endlech ee Film deen no sou richteg guddem Cyberpunk ausgesäit. An dee Cast! Ech hunn mech schon fierchterlech laang net méi esou riseg op ee Film gefreet.
Sci-Fi jo, mee Cyberpunk?
Erënnert mëch ë bessen un “Timer” (http://www.imdb.com/title/tt1179794/), aaner Thematik, mee och mat Auer um Aarm.
Gesäit en effet gutt aus. Allerdëngs giff ech och éischter Sci-Fi wéi CyberPunk soen?
Timer gesäit relativ fuerchtbar aus. :D
Den Oxford Dictionary seet:
Oder wann et muss Wikipedia sinn:
An dat ass genau dat, wat hei gewise gëtt. Opgrond vun Technologie gouf et een sozialen Zesummebroch. Mer hunn eng Gesellschaft ouni Gesetzer (déi Zäiträich hunn d’Kontroll a morden am organiséierten, grousse Stil fir méi Liewenszäit), eng ënnerdréckten Subkultur (déi Zäitaarm déi ab 25 Joer ëm all Minutt op der Strooss mussen kämpfen) an den einsamen Held aus där Subkultur, deen géint déi Mächteg kämpft.
Ech ging ët höchstens um Bord vum Cyberpunk platzéieren. An dem Oxford Dictionary onrecht gin. Di Définitioun gefällt mer net.
Wann s de déi Definitioun ofleens, wat ass dann deng Definitioun vu Cyberpunk?