E megalomanesche Märder, Prostitutioun, an en DCI Luther deen dem Alice beim Ausbriechen hëlleft. Wat ee Staffeloptakt!
by
E megalomanesche Märder, Prostitutioun, an en DCI Luther deen dem Alice beim Ausbriechen hëlleft. Wat ee Staffeloptakt!
Tags
Ah, gutt ze wëssen! Sinn gespaant :)
Zäit den VPN mol rem unzegeheien.
Ah op dech ass awer verlooss wann ee wëll wëssen wat sech an der Welt vun den Serien leeft. Fir déi éischt Staffel war ech nach an England, dann muss ech dës Kéier wuel tricksen.
Whuaaa, gudd, datt’s de Bescheed sees. Hätt ech net mat kruut. Lo misst och nach Sherlock ugoen an de Rescht vun der aktueller Dr Who-Staffel an d’Amerikaner kinnten apaaken.
Sherlock an Doctor Who kommen jo wéi gewosst net zeréck bis den Hierscht. Mä d’Amerikaner hunn jo Torchwood: Miracle Day, an dat geet den 8. Juli an den USA op Starz lass. :)
Ah, tiens. Ech hat en schonn an d’Lëscht vun TVShows gesat, den Download war scho prett wéi ech elo heem komm sinn.
Hunn se lo gesinn.
Overall gefällt mer nees de Look, d’Stëmmung, d’Englescht, d’Charactèren an och de Béisen ass nees wierklech béiss an e kann net séier genuch seng Stroof kréien (wat jo awer bëssen muss higezunn ginn ;)).
Allerdëngs hunn mech puer Klengegkeeten gestéiert:
*Spoiler alert*
1a. Firwat leeft den Luther dem Verdächtegen net no a probéiert en ze fänken?
1b. Firwat geht en him alleng an déi zappenduster Barack no? Et woer jo offensichtlech dass do eng giff passéieren. Seng Kollegen woren och relativ onrealistesch séier op eemol awer dunn bei him …
2. Déi Geschicht mam Apel an där Kaart … Wéi ass en un déi Kaart komm? Wéi wousst en dass hatt am Gaart wier?
3. Firwat die nei Kollegin alleng mam Psychopath senger Ex an dat, nees ziemlech dustert, Haus goen ze lossen? Resp. firwat huet sie net gesot, wéi se dobannen woer: Ok, alles bëssen oniwwersiichtlech hei an potentiell geféierlech (emmerhin hunn se den Psycho jo grad an Aktioun gesinn), ech ginn awer mol mäi Kolleg sichen an huelen och villäicht meng Waff an de Grapp … De Schluss hunn ech awer net gesinn kommen, Respekt.
Mee bon, wahrscheinlech sollt ech nees net souvill iwwerléen.
Sinn awer mol gespaant wéi et weider geet.
1a. An der Barack? Well en e Stéck Haut huet, a mat Pefferspray an den An leeft et sech schlecht.
1b. En krut ee Stéck Haut. An de Luther war dach ëmmer een, deen Saachen direkt ugepaakt huet amplaz op Kolleegen ze waarden.
2. Ech huelen un, dass en se iergendengem aus der Täsch gezunn huet… An natirlech war hatt am Gaart, dat war dach kloer, dass hien him net einfach esou géing een Apel ubidden.
3. Een Polizist passt baussen op, een geet mat eran. An och wann hatt nei ass, et ass ausgebilte Polizistin. An der Mordkommissioun.
1a. Nee, virdrun. Hien verfollegt en jo am Schrëtttempo a geet dann alleng an déi Barack eran. Ech mengen och ouni Waff gezunn ze hunn? Ech verstinn natierlech dass dat fir d’Dramatik an d’Spannung gutt ass ;)
1b. OK, stëmmt … real wier dat natierlech schéin riskéiert mee bon, ass jo Fiktioun.
2. Aus der Täsch geklaut ass natierlech och bessen onrealistesch a riskéiert mee bon. An dee Plang fir déi Kaart ze klauen an an den Apel ze stiechen hat hien dann schon éier hien an de Prisong gaang ass?
3. Et ass awer bëssen blann an dat (dustert) Haus eragestolpert an och nees ouni d’Waff gezückt ze hunn (ëmmerhin kéint e Psychopath do waarden)? Allerdëngs verstinn ech och hei, dass et gutt fir de Suspens woer ;)
Leave a Reply