It’s Kind Of A Funny Story

by

Wat fir ee wonnerbaren Film! A wat eng positiv Iwweraschung, dass den Zach Galifianakis eng serieux Roll spille kann.

Aus wat fir engem Grond och ëmmer, ass den Trailer esou geschnidden dass de Film ausgesäit ewéi eng Komödie…

Tags

2 responses to “It’s Kind Of A Funny Story”

  1. Bellegen Marketing fier dass eben dem Zach sein sonstegt Zielpublikum och an den Kino geet ;)?
    Ansonsten jo ech hun den Film och super fonnt, mol eng Keier een Film an dei Richtung deen eng gutt Balance tescht seriöen an eben och mei lichten/witzegen Scenes fennt.

  2. Méiglech. Mä dat ass wierklech “bëllege Marketing”. Hätten am iTunes net lauter Kommentaren gestanen, dass et eben keng Comedy ass, wier ech wuel déck irritéiert gewiercht hätt ech mer en an där Erwaardung kaf.

    Ech hunn et gutt fonnt, dass déi méi witzeg Momenter kee bëllege Slapstick waren. OK, do gëtt et d’Szen mam Beaver/Vagina, mä déi ënnersträicht esou wonnerbar d’Onschold vum Patient an d’Virurdeeler vun de “Normalen”, dass dat am Endeffekt net als Slapstick kann zielen well et eigentlech kee Witz ass.

    An dee Moment am Turnsall wou den Zach Galifianakis seet en hätt ni verstanen wisou een sech soll Suergen maachen ëm déi Leit déi een zeréckléisst – boah.

    Ech weess net, ob ech d’Buch soll liesen, oder ob mer dat lo de Film verdierft (wéi bei Up in the Air, wou d’Buch eng komplett aner Geschicht erzielt…).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *