Den Thorben vu Pianocktail huet eng ausféierlech Kritik iwwer Write Out Loud geschriwwen. Do stinn ënnert anerem esou cool Saachen ewéi:
Den Thierry wor fir mech, an wahrscheinlech fir iech och, eng Enttäuschung. Dir all erwaard iech, dass ech elo den Thierry, als Deel vun eisem éiwegen Geplänkel, hei wäit a breed zerräissen. Mä ech kann et net.
oder:
Wat vu Write Out Loud bleift ass eng Plakk, déi dir sollt hun. Firwat? Ganz einfach: Se kascht 8 Euro – dat ass sou vill wéi eng Kéier engem UNICEF-Mataarbechter op der Plëss ze soen, e soll kappe goen. An dofir kritt dir zwar kee rengt Gewëssen, mä déi gutt Hoffnung, dass hei a Lëtzebuerg eng leeft. An ech hu léiwer Hoffnung wéi e rengt Gewëssen.
Gidd se liesen, a falls der dat tatsächlech nach ëmmer net sollt gemaach hunn, bestellt iech eng CD ier se all fort sinn. (Wann der a Groussbritannien sëtzt, kënnt der iech och bei mir mellen, da braucht der net den Timber vu Lëtzebuerg ze bezuelen.)