Ech halen jo näischt dovunner, topeg YouTube Videoen an de Blog ze setzen. Dofir gëtt et Twitter a Facebook. Mä dee Clip hei, deen ech haut beim Elisabetta gesinn hunn, vun enger Kaz déi een Delphin heemelt ass wierklech onvirstellbar léif, an dat kann ech iech net virenthalen a wann en elo net opeemol op privat agestallt wier, kéint ech iech e weisen. Stellt iech einfach eng Kaz fir, déi mat der Tatz no engem Delfin gräift an déi dann hier Käpp laanschteneen reiwen. Léif, gell? Sot ech jo.
This video is private.
:( wollt dach och dohi schmelzen :P
Boah wéi schiel. Gëschter war en nach fräi verfügbar. -.-
Deng Beschreiwung ass och ganz herrlech keng Angscht :P
;)
Hä?? Ech hat de Video nach gesinn an do war e net op privat.
http://www.youtube.com/watch?v=dGrN3uWO_Rs