Skip to content

25

Ech hunn déi beschte Frënn vun der Welt. Souer ewéi de Cyrille zum Beispill, deen ee wonnerbaren Artikel iwwer mech op senger Säit geschriwwen huet fir mäi Gebuertsdag. All déi Leit, déi mer gewënscht hu fir eng Zuel, déi mer ëmmer grouss virkoum an déi mer elo eigentlech guer net wichteg virkënnt. Meng Famill, déi mer SMSen an Emailen geschéckt huet. An déi Leit, mat deenen ech déi lescht Deeg iwwer gefeiert hunn.

Et war eng memorabel Woch. D’leschten Dënschdeg war ech um Launch vun Daps 2011, déi Anthologie vun där ech 2009 selwer Editeur war. Ech hunn vill Leit erëmgesinn, mech mat fréiere Proffen ënnerhalen, an et war déi éischte Kéier zanter mer erausgeplënnert sinn, dass ech mat all mengen fréiere Matbewunner vum leschte Joer zesumme war (bis dohinner huet ëmmer een/t gefeelt wa mer eis gesinn hunn). Mëttwochs war ech op der Porte Ouverte fir Schüler z’iwwerzeegen déi Uni ze wielen. Dat huet sech verdammt komesch ugefillt, engersäits do ze sëtzen an mech z’erënneren wéi ech selwer ee vun deene Schüler war just fënnef Joer éischter, anerersäits well ech virun all deene Leit vun der Proff virgestallt gouf ewéi wann ech eng wichteg Persoun wier.
Nodeems ech dunn zwee Deeg u mengem Essai geschafft hunn, souz ech e Samschdeg mam Meedchen beim Mier a sinn dono asiatesch iesse gaangen. Sonndes nomëttes hunn ech mer zwee Filmer eragezunn (The Adjustment Bureau a Limitless – den Éischte war wierklech gutt, deen Zweeten éischter meh), an owes… Ja. Virun der Gare hunn zwee Toperten eng pasty op ee Kolleeg a mech geschoss, wat ech net derwäert fonnt hunn mer eng bluddeg Nues sichen ze goen. Mäi Kolleg huet awer gemengt, hien kéint mat hinnen argumentéieren, a krut dofir eng Fauscht an d’Gesicht. D’Police geruff, déi koum mat engem SWAT Van, a während se eis Temoignagen opgeschriwwen hunn, kruten se gesot déi zwee wieren op CCTV gesi ginn. Séier an den Auto, séier, séier! An duerch d’Stad gedonnert ewéi wann et géing drëm goen ee Liewen ze retten. Schlussendlech sinn déi zwee op enger Tankstell gesi ginn, an mat dräi Policeautoen an dem SWAT Team déi d’Tankstell gestiermt hunn ewéi wann een Terrorist dobanne séiz, hunn se déi zwee 16 Järeg festgeholl. Et war e bëssen ewéi Hollywood, ouni Explosiounen. Mä dofir huet deen een vum SWAT Team ausgesinn ewéi dem Hugh Dillon säin Zwillingsbrudder. Mäi Kolleg war Gottseidank net verletzt, an no 45 Minutten Temoignagen opschreiwen an der Erklärung, déi zwee géingen elo mol d’Nuecht an der Zell verbréngen an den Dag drop formell ugeklot ginn wann hier Erzéiungsberechtegt do sinn, si mer heemgaangen, wou ech mam Meedchen an sengen Matbewunnerinnen emol nach ee Film gekuckt hunn, How to Train Your Dragon, well mäin Adrenalinpegel total um Ofsacke war an ech just nach wollt de Verstand ofschalten. Ech war ëmmerhi scho bal ee Véirelsjoerhonnert al, do muss een op säin Häerz oppassen!
Op mengem Gebuertsdag selwer krut ech fir d’éischt emol vum Meedchen gekacht (esou léisst et sech liewen), an nodeems mer eis Kick-Ass ugekuckt haten, goung et an de Café wou scho Leit op eis gewaart hunn. Ech krut Gebuertsdagskaarten, et gouf gedronk, et gouf giess, et gouf gelaacht, an et gouf Miles Davis an Lemon Jelly op der Jukebox gespillt. Ech hunn een Pineapple Upside Down Cake mat waarmer Vanilleszooss giess (SOU GUTT!) an um Enn sinn ech schwéieren Häerzens awer glécklech an de Bus geklommen a war gëschter Moien fréi erëm zu London.
Ech hunn déi beschte Frënn vun der Welt.

5 thoughts on “25”

  1. Nö. Deen ass op senger neier Uni domatter beschäftegt ze verhënneren, dass d’Leit erausfannen dass e wéinst Besëtz vu Kannerpornografie veruerteelt gouf.

  2. Ass et normal ze erwaarden dass de meng Wensch um Skype net krues wells de net ageloggt bass :P ?
    Op allefall dann op desem Wee: ech haat et NET vergiess ^^
    Alles gutts an sou.

  3. Jooo, Thierry. Lauschter mol op de Serge. Hien ass net den eenzegen deen der sou gewënscht huet. Nach 3 aaner louche Leit hunn dat och sou gema. An ech hun deng Nummer aus Versehe geläscht, mä deng britesch hunn ech jo sws net, oder…? Ech hoffen ech hu mat 25 och esou een außergewéinlechen a flotte Gebuertsdag ;)

  4. Ech hunn einfach keng Zäit fir Skype am Moment, ech hu lauter Essaien an 20 Säiten dissertation proposal ze schreiwen. :'( Mä villmols Merci awer!!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *