Et ass esouwäit! De Joshi Gottlieb, d’Claudine Muno, d’Laetitia Kaiser, d’Sarah Pepin, d’Vanessa Wujanz, de Jacques Schiltz, de Joël Adami, an ech hunn d’leschte Summer eng CD mat eegenen Texter opgeholl, déi elo vun Op der Lay verëffentlecht gouf. Si huet ee wierklech schéine Cover, an d’CD selwer gesäit aus wéi eng kleng Schallplack. Et ass scho bal ee Sammlerstéck!
Méi Informatiounen, souwéi kuerz Beschreiwungen vun den Auteuren kritt der op onser Säit Write-Out-Loud.lu, wou der d’CD fir nëmmen €8 bestellen kënnt (an dir kritt se souguer gratis op eng lëtzebuergesch Adress geschéckt).
Géint Kommerz!!
Nee, cool Idee. Op der Lay as quasi hei bei mir em den Eck ;)