Dead Island

by

Ech si kee Gamer. Dat ass kee Geheimnis. Ausser mech muenchmol mat e puer Kollegen z’ameséieren un eiser Ënnerwaasserstad a Minecraft ze bauen, spillen ech net wierklech. L4D2 hunn ech eng Kéier een Owend gespillt, mä dat verstëbst zanterhier op menger Festplak. Soit. Ech kommen net ëmhin, dësen Trailer fir Dead Island ze weisen, well en wierklech genial ass. Dobäi nerven mech Zombien amfong soss (L4D2 ass just dowéinst cool, well de kanadesche Rockmusiker a Schauspiller Hugh Dillon een Haaptcharakter schwätzt). D’Musék, d’emgedréiten Zäit, d’Stëmmung – einfach alles. Drop gestouss dank Link vum Claude.

Tags

3 responses to “Dead Island”

  1. Meenung: en Trailer soll een drun interesseieren eppes ze kaafen/ze kucken/ze verstoen/nozesichen. An do muss ech zwar soen et ass op der ganzer Line imho fail: et erzielt null Story et weist keen Gameplay et schengt en effet just drop opzebauen dass et PGI 18 ass an dass et Blutteffekter gin. Dass d’Animatiounen zum Deel ruckelen an schlecht getimed sin schengt een mat dem emgedreinten Zeiteffekt wellen ze kascheieren.

    Ah lo wollt ech grad rechercheieren op ech Recht hun mam Gameplay an ech faalen hei op desen Blogpost: http://www.badassdigest.com/2011/02/17/dead-island-trailer-selling-you-a-zombie-game-that-makes-you-sad-or-something fier eng Keier 1:1 meng Meenung an besser ausgedreckt wei ech et hett keinten schreiwen.

  2. Wéi gesot sinn ech kee Gamer. Ech hunn deen Trailer dofir och net als Gamer gekuckt. Wahrscheinlech hunn ech méi wéi e Filmtrailer gekuckt, an als solchen wier ech de Film wahrscheinlech kucken gaangen. Mä ech kann däin Argument / d’Argumenter am Artikel awer gutt novollzéien an dat liicht mer och an, dass den Trailer fir ee Spill net gutt ass. Alt nees eppes bäigeléiert. :)

  3. Hehe, mais jo fum cineasteschen hier ass et interessant dat kann ech och sou zougin ^^ ass ähnlech wei dei Darth Vader Reklamm fun VW, an do stinn ech op der Seit fun deenen dei se super fannen :P

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *